Sech an der Villa Collart, um Schéissstand oder am Schlass d'Jo-Wuert ginn

© AFP-Archiv
Zanter e puer Méint ass et méiglech, datt sech Koppelen och op anere Plazen zivil bestueden, wéi an engem Sall vum Gemengenhaus.
Sou hu bis ewell 33 Gemenge bal 200 Plazen definéiert, wou ee sech kann alternativ zur Märei d'Jo-Wuert ginn - meeschtens sinn dëst Kulturzentren, mee zu Dippech geet dëst och dobaussen am Park hannert der Gemeng.
Zu Diddeleng sinn dat zum Beispill d'Kiosken, d'Pomhouse oder och de fréieren Arbed-Waassertuerm, an der Gemeng Stengefort kann ee sech an der Villa Collart bestueden, um Helperknapp um Schéissstand oder och zu Réimech an der Aler Schoul.
Et dierf sech awer och a Schlässer entretemps bestuet ginn: dat ass zu Buerschent, Uespelt, Wolz, Useldeng, Veianen oder och Esch-Sauer méiglech.
An der Lëscht vun de Gemengen ass nëmmen eng eenzeg desakraliséiert Kapell ze fannen, wou sech Koppele kënnen zivil bestueden. Dat ass d'Kapell zu Kapweiler an der Gemeng Sëll.
Et fält op, datt an de gréisste Gemenge vum Land, wéi zum Beispill an der Stad, zu Esch, Déifferdeng, Suessem oder Schëffleng nach keng alternativ Plazen decidéiert goufen, wou een dat zivilt Bestietnes kann organiséieren.
Dës Prezisioune gëtt d'Inneministesch Taina Bofferding dem Escher Député-Maire Georges Mischo op eng entspriechend parlamentaresch Fro.
Déi komplett Lëscht vun den 33 Gemenge mat alternative Plaze fannt Dir hei.