Lëtzebuerg steet am internationale Verglach net gutt do

© AFP
Um Weltdag vun der Hypertonie goufen déi international Zuelen zu dësem Zoustand publizéiert.
Am Grand-Duché leit all drëtten Erwuessenen ënnert héijem Bluttdrock, bei de Leit iwwer 60 Joer sinn esouguer zwou vun dräi Persoune betraff. Am internationale Verglach steet Lëtzebuerg domadder net gutt do.
D'Hypertensioun kann zum Beispill kardiovaskulär Problemer, en Hiereschlag oder Diabetes provozéieren.
D'Santé gëtt op hirem Internetsite eng Rei Consignë mat op de Wee. Et soll een op säi Gewiicht oppassen, manner Salz an Alkohol konsuméieren, net fëmmen, de Stress reduzéieren a Sport maachen. Och soll een op d'mannst eemol d'Joer vun engem Dokter de Bluttdrock kontrolléiere loossen.