Tëscht dem 12. an 19. Mee waren uechter 7 Länner an Europa Drifter ënnerwee, fir op hir Passioun opmierksam ze maachen, dat och am ëffentleche Verkéier.

Dat Ganzt ass gelaf ënnert dem Numm "Up In Smoke Tour" a war ënnert anerem gesponsored vun engem groussen Energie-Drink-Hiersteller.

D'Iddi dohannert war, e Grupp vu Leit zesummen ze kréien, déi sollen en Auto bauen, dee legal op der Strooss däerf fueren, mat deem se a Groussbritannien an a 6 aneren europäesche Länner, op verschiddenen Drift-Locations fuere sollen. Si hu musse selwer mat deem Auto de ganze Road-Trip maachen, ouni riseg Crew am Hannergrond, déi sech ëm den Auto këmmere soll.

Op hirem Wee op verschidde bekannten Drift-Circuiten uechter Europa, ware se natierlech och op den normale Stroosse mat hiren Drift-Maschinnen ënnerwee, an hunn do an deem engen oder anere Rond-point zum Beispill schwaarz Spueren hannerlooss. Esou och zu Lëtzebuerg, wéi mer iech um Freideg schonn an engem Artikel matgedeelt haten.

Et ass drëm gaangen, déi europäesch Drift-Zeen nees zeréck un hir Wuerzelen ze bréngen, an de Liewensstil dee se féieren, iwwert dee Wee ze feieren, wéi een an der Ausschreiwung vum "Event" liese kann. Et konnt deemno net jiddereen do matmaachen, ma et huet ee mussen auserwielt ginn, fir dobäi dierfen ze sinn. Nieft normalen Amateur-Drifter, waren awer och eng Partie Profie mat um Start, déi mam Driften hir Sue verdéngen.

Éischte Rendez-vous war den 12. Mee zu Rockinham a Groussbritannien, vu wou aus et duerno da mat der Fär eriwwer gaangen ass an Holland, wou dunn den 13. Mee Breda d'Destinatioun war.

De 14. Mee war et de Midland Circuit an Holland, wou en Track Day um Programm stoung, zesumme mat der Dutch Drift League.

De 15. Mee huet ee sech um Alexandre Claudin Circuit zu Lyon (F) getraff. Um Wee dohin, hunn d'Drifter dann och de Grand-Duché mat an hir Route agebaut. Si hunn dann och zu Lëtzebuerg an engem Hotel zu Schëtter iwwernuecht, wéi een an engem vun de Videoe vun de Participante gesi konnt.

Weider goung et du vu Lyon a Richtung Andorra, wou een de 17. Mee nees en Event op engem Circuit hat.

Den Dag drop war een du schonn nees op engem Drift Track Day um Circuit Bourbonnais bei Moulains a Frankräich.

RTL

© WE CREWSADE

Alles an allem sinn 2.000 Meile gefuer ginn, tëscht Groussbritannien, Holland, der Belsch, Lëtzebuerg, Frankräich, Andorra an Däitschland. Vun deem ganze Road-Trip soll dann och an Zukunft e Film entstoen.