Grillen am Schockelasmantel: Eekeleg oder Zukunft?
Insekte solle gutt Närwäerter hunn, e gudden CO2-Bilan an och nohalteg sinn. Kléngt no enger gudder Léisung fir d'Problemer vum aktuelle Fleeschkonsum.
Den Ament stinn Insekte scho fir iwwer zwou Milliarde Mënschen um Menü. Dat virun allem an Asien, Latäinamerika an Afrika. Si gëllen als Superfood vun der Zukunft a fanne lues a lues och de Wee bei eis op den Teller. An der EU dierfen de Mielwuerm, den Heesprénger, an zanter dësem Joer och d'Grill an d'Larv vum sougenannte Getreideschimmelkäfer a Liewensmëttel verschafft ginn.
Esou wierklech fënnt een déi kleng Déiercher awer nach net bei eis am Handel. Iwwer eng tschechesch Firma, déi och op Lëtzebuerg liwwert, hu mir dunn awer ee Buttek hei am Land fonnt, an deem Insekteproduite verkaf ginn. "Einfach fir dee Schratt ze goen a Richtung nohalteg Ernärung, wou d'Insekten definitiv dozou gehéieren an dofir wollte mir dat och ënnerstëtzen. D'Leit sprieche gutt drop un an et huet Succès. Dowéinst wëlle mer dat och weider ausbauen", esou de Marc Sadler, Gerant vum Geschäft.
D'Sortiment ass sécher nach ausbaufäeg, ma awer scho relativ grouss. Ugefaangen, mat deem ,wat sech am beschte verkeeft, Proteinbaren, iwwer Chips, Proteinpolver, bis hin zu frittéierte Grillen oder Grillen am Schockela.
Eis Journalistin Lisa Jentsch huet de Geschmaachstest gewot a war och an der Stad Lëtzebuerg um Maart ënnerwee. Ob engem dës neiaarteg Liewensmëttel zousoen oder net, ass jidderengem selwer iwwerlooss. Sécher fir d'Consommatioun si se op alle Fall. Déi eenzeg, déi léiwer d'Fanger dovu solle loossen, dat si Leit mat enger Allergie op Crustacéen oder Hausstëbsmilben.