Enn Mee huet den Hollywood-Star fir eng grouss Iwwerraschung gesuergt. Do huet den Al Pacino annoncéiert fir d'véiert Papp ze ginn. An dat am héijen Alter.

Zesumme mat senger 29 Joer aler Partnerin Noor Alfallah huet de bekannten Acteur e klenge Jong kritt, de Roman Pacino. Dat huet de Porte-parole vun der Koppel en Donneschdeg annoncéiert.

Den Al Pacino ass bekannt fir seng Filmer "Der Pate" (1972), "Scarface" (1983) oder nach "Scent of a Woman" (1992), fir deen hien och en Oscar krut. Aus fréiere Bezéiungen huet de Pacino schonn dräi erwuesse Kanner. Seng aktuell Partnerin war virun him mam Rockstar Mick Jagger zesummen.

Den Al Pacino ass awer net deen eenzegen Hollywood-Star, deen am héijen Alter nach emol Papp gëtt. Virun him hat jo och schonn de Robert De Niro bekannt ginn, datt hie mat 79 Joer op en Neits Papp ginn ass. Fir hien ass et dat siwent Kand.