D'"Fast Fashion" ass e Geschäftsmodell an der Textilindustrie, wou Moude-Kollektioune séier designt ginn an zu bëllege Präisser produzéiert ginn.

Bëlleg Präisser heescht bëlleg Aarbechtskräften

De Gros vun onse Kleeder gëtt an Asien produzéiert, well do d'Aarbechter wéineg bezuelt ginn. 70 Dollar verdéngt en Textilaarbechter zum Beispill am Bangladesch de Mount. Dat ass zwar de Mindestloun, geet bei wäiten net duer fir ze liewen. 80% vun den Awunner am Bangladesch liewen ënnert der Aarmutsgrenz.

En ekologesche Fiasko

Déi chemesch Produiten a Faarwen, déi d'Textilindustrie an deene Länner benotzt, fléisst an d'Natur, sou dass d'Waasser op ville Plaze verseucht ass. Waasser, dat d'Awunner ënner anerem fir ze liewe brauchen.

Awer och den Transport vun de Kleeder vun engem Deel vun der Äerd, stellt eng ekologesch Katastroph duer. Der Etüd "Fashion and Climat" no geet een dovunner aus, dass d'Textilindustrie all Joers 2,1 Milliarden Tonnen CO2 verursaacht. Dat sinn 4% vun de globalen Emissiounen.

"Upcycling" amplaz vu "Recycling"

Ënner Upcycling versteet een d'Aktioun,  fir aus ale Kleeder neier ze maachen, fir se dann als Eenzelstécker zeréck op de Marché ze bréngen

De Recycling ass national e wichtegen Bestanddeel fir de Mënschen an Nout oder Flüchtlingen, en Accès op Kleeder ze ginn. Dëse stellt allerdéngs nëmmen e klengen Deel vun de recycléierte Kleeder duer. 10 % vun de Kleeder am Container ginn direkt verbrannt, well mat deenen näischt méi unzefänken ass. Aus engem klengen Deel gi Lompen gemaach. De Gros awer, verschwënnt an d'Ausland, meeschtens an Holland, wou nach emol fir de "Second Hand"-Maart triéiert gëtt. Bal d'Hallschent fënnt awer iwwer Schëff-Transfert de Wee an Afrika. Am Ghana ass de gréisste "Second Hand"-Maart vun der Welt, wou nach en Deel vun onse Kleeder do nees iwwer de Second Hand an de Circuit kënnt. E gudden Deel awer lant a verschiddenen afrikanesche Länner op risege Poubelle-Bierger a gëtt ni méi verwäert.