
Iwwer Deepfakes gëtt och zu Lëtzebuerg ëmmer méi geschwat, dat virop nodeems déi däitsch Moderatorin a Schauspillerin Collien Fernandes hire Fall ëffentlech gemaach huet.
Am Interview erkläert de Maître Jean‑Jacques Schonckert, wat am Lëtzebuerger Gesetz verbuede bleift, och wann an Däitschland net all Deepfake-Fäll ënner d’Strofrecht falen.
Deep Fakes: de Fall Collien Fernandes
Zu Lëtzebuerg sinn zwou Saache strofbar, esou den Affekot. D’Usurpation d’identité, also e Fake‑Profil am Numm vun enger anerer Persoun opmaachen, do kënnen Täter bis zu 3 Méint Prisong kréien. Verbueden ass awer och de sougenannte Piratage, also den onerlaabten Zougrëff op Konten oder wann op dësen Donnéeë verännert ginn. Hei ginn d’Strofen däitlech méi héich a kënne bis zu 3 Joer Prisong bedeiten.
De Maître Jean-Jeacques Schonckert betount, datt Lëtzebuerg sech mam Opbau vun AI‑Strukturen och legislativ muss gutt opstellen an zum Deel nach e bëssen nobesseren.
D’Recommandatioune vum Affekot si follgend. Als éischt soll ee bEE Secure kontaktéieren, an engem zweete Schrëtt de Fall bei der Police mellen an och d’Plattformen iwwer dës Fäll informéieren.
D’Ermëttlunge kënnen heiansdo laang daueren an et kënnt och vir, datt den Täter net identifizéiert gëtt, esou de Maître Schonckert. Et hätt och esou Fäll schonn zu Lëtzebuerg ginn.
De Maître Schonckert seet, hien hätt rezent e Fall vertrueden, an deem mat Deepfake-Technike manipuléiert gouf. Hien ënnersträicht, datt béiswëlleg Absichten an technesch Méiglechkeeten eng geféierlech Kombinatioun sinn.