Mir haten Iech opgeruff, eis är Liblingsspillplaz ze weisen an dono haten eis User d'Chance, fir doriwwer ofzestëmmen.

Mir haten d'RTL-User doriwwer ofstëmme gelooss, wat fir si déi flottste Spillplaz am Land ass. Nodeem de Voting ofgelaf war, hu mer eng RTL-Ekipp zesumme mat zwee jonke Spillplaz-Experten erausgeschéckt, eise User hir Topp 3 ze testen. An hire Ranking war liicht anescht wéi dee vun eise User, och wa si sech iwwerall gutt amuséiert hunn...

Är Top 3

1. Bambësch

3.563 Stëmme krut déi nei Spillplaz am Bambësch, déi eréischt rezent opgaangen ass an esouguer eng extra Buslinn krut, fir einfach dohinner ze kommen.

2. Fuussekaul

D'Spillplaz um Camping op der Fuussekaul gouf huet et ganz knapp op déi zweete Plaz an eisem Ranking gepackt. Ganzer 3.504 Stëmme krut se vun den RTL-User.

3. D'Pirateschëff

Vill Eltere schécken hir Kanner wuel ganz gären op d'Schëff. Dat klappt ganz gutt op der Spillplaz an der Stad, déi dann och 3.492 Votte krut.

Weider Votten

Nach mat an der Course war d'Spillplaz am Park Molter zu Monnerech (3.405), de Park Kolla zu Réiser (3.371), d'Fluchhafespillplaz um Cents (3.268), d'Spillplaz um Belair (3.229), d'Waasserspillplaz am Park Laval zu Esch (3.193), d'Spillplaz Mausketti zu Biermereng (3.145), déi nei Spillplaz um Ban de Gaasperech (3.092), d'Baggerspillplaz zu Uewerkuer (3.050), d'Spillplaz am neie Schoulhaff zu Fréiseng (3.005), de Waasserwee zu Miedernach (2.963) an d'Spillplaz zu Bech op der Gare (2.904).

Bal 1.560 Mol gouf bei eiser Sich no der schéinster Spillplaz ofgestëmmt. All User hat d'Méiglechkeet, den eenzelen Spillplazen tëscht 0 a 5 Punkten ze ginn.