Lisa Marie Presley u Suitte vun Operatioun gestuerwen

De Sänger Axl Rose spillt bei der Trauerfeier fir d'Lisa Marie Presley, déi den 12. Januar 2023 gestuerwen ass. / © AFP
Am Januar war d'Meedche vum Elvis Presley gestuerwen. Der Obduktioun no u Suitte vun enger Operatioun, déi Joren zeréckläit.
D'Lisa Marie Presley hat sech viru Joren enger Operatioun ënnerzunn, fir hiert d'Gewiicht ze reduzéieren. An der Suite vun dëser Operatioun hat sech "Narbengewebe" forméiert, déi zu engem Verschloss vum Dënndaarm gefouert hunn. Dëst ass eng bekannte Laangzäitkomplikatioun vun dëser Zort vun Operatioun.
Wéi et vun den zoustännegen Dokteren, déi d'Obduktioun duerchgefouert hunn, weider heescht, hätten d'Medikamenter, déi een am blutt vun der Sängerin fonnt hätt, net zum Doud gefouert.