Am Kader vun hirem 50. Anniversaire organiséieren d'Përmesfrënn Kaundorf direkt e puer Evenementer um Përmesknupp tëscht Kauneref a Bidscht.

Den Héichpunkt vun dëse Festivitéiten ass awer sécher de White Dinner, deen den 29. Juli virgesinn ass.

Summer-Agenda: White Dinner um Përmesknupp

Dëst ass awer elo keen typesche White Dinner, wéi een en aus Groussstied vläicht kennt, wou ee mat Klappdësch, Stull an deem ganze Picknick ugereest kënnt. Dëse White Dinner soll e bëssi méi confortabel a luxuriéis sinn, fir dëser schéiner a romantescher Plaz gerecht ze ginn. D'Marianne Thilmany, Presidentin vun de Përmesfrënn Kaundorf:

"Dofir si mir dann einfach op d'Iddi komm, fir e groussen Dësch opzeriichten, fir alles wäiss ze decken, e schéinen, gudden a kulinaresch wäertvolle Menü unzebidden an esou de Leit wierklech e wonnerschéinen Owend ze garantéieren."

An esou kënne sech deen Owend bis zu 100 Leit op engem laangen Dësch an der dekoréierter Bamallee virun der Kapell Plaz huelen. Et brauch ee sech dann hei och ëm näischt ze këmmeren. Déi eenzeg Viraussetzung, wéi sollt et och anescht sinn, ass déi, dass een deen Owend wäiss ugedoen ass.

"Mir hunn e Menü Saint Permin, mir hunn e vegetaresche Menü a mir hunn och e Plat fir d'Kanner an natierlech ass dann och all Kéier en Dessert dobäi."

Alles ass dann och mat regionale Produite gekacht an esou opgezunn, dass d'Natur an d'Ressourcë geschount ginn. Den Apero, de Kaffi sou wéi och eng Schneekegkeet am Kader vum 50. Gebuertsdag gi vun der Asbl Përmesfrënn offréiert.

Umelle kann ee sech nach bis den 20. Juli an dat entweder iwwer Telefon um 691 331 955 (Moies tëscht 10 an 12 Auer) oder online op der Internetsäit vun de Përmesfrënn, wou een och den Detail vum Menü fënnt.

All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:

Den Tipp vun e Méindeg: Déi 5. Editioun vum Echterlive Festival am Trifolion