D'Stengeforter Steekaulen an hir Mouken

Ënnert dem Titel "Die geheimnisvollen Klänge der Stengeforter Steekaulen" organiséiert den Naturschutzzenter Mirador de 27. Juli e klengen Trëppeltour.
Den Tour an d'Stengeforter Steekaulen en Donneschdeg, de 27. Juli, gëtt owes organiséiert, well dann nawell zimmlech vill do geschnabbelt gëtt, wann een dat esou soe kann.
Do wunnt nämlech eng ganz speziell Aart vu Mouk, déi sou genannte "Geburtshelfer Kröte", déi sech duerch dach zimmlech speziell Geräischer bemierkbar mécht, wéi de Gilles Wagener, Naturguide am Mirador erkläert:
"Déi mécht e ganz extrae Kaméidi, e bëssi wéi eng Sonar, wéi eng kleng Gläckelchen, sou Biu Biu Biu. A wa mer dann do trëppelen, mir trëppele mat Fakelen, dat ass schonn eng extra Atmosphär. An da gëtt et ëmmer méi däischter an an der Dämmerung fänken déi u matenaner ze schwätzen. Dat ass, wéi wann an den Hecke kleng Alie gelant wieren. An dat eng Kéier erliewen, dat ass faszinant."
Owes um 20 Auer geet et beim Naturschutzzenter Mirador fort, natierlech net an Tallekeschong, mee scho gerëscht fir duerch de Bësch ze spadséieren. Ronn 4 Kilometer ass de ganzen Tuer laang an et ass een ongeféier 2 Stonnen ënnerwee. Eng Aktivitéit fir déi ganz Famill mat special Effects deemno.
Umelle kann ee sech bis spéitstens de 26. Juli beim Centre nature et forêts Mirador zu Stengefort. Ma opgepasst, et kënnen net méi wéi 20 Leit matgoen, dat heescht deen éischten ass vir!
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg: Déi 5. Editioun vum Echterlive Festival am Trifolion
Den Tipp vun en Dënschdeg: De White Dinner um Përmesknupp