DOTS-Atelier ronderëm de Schifer zu Uewermaartel

De Schifermusée zu Uewermaartel kombinéiert de 25. Juli an den 22. August eng Visitt an enger Grouf mat engem flotte Workshop fir déi ganz Famill.
War Dir well am Schifermusée zu Uewermaartel? Falls net, dann ass dat heite vläicht eng flott Geleeënheet sou eng Grouf mol a Wierklechkeet ze gesinn an dat Ganzt dann och nach mat engem flotte Workshop fir déi ganz Famill ze verbannen.
Schifer huet vill flott Eegenschaften an eng dovunner ass seng glat Uewerfläch, déi perfekt ass, fir ze bemolen an ze dekoréieren. Aus deem Grond organiséiert de regionalen Tourismusverband Guttland zesumme mam Schifermusée zu Uewermaartel, de 25. Juli an den 22. August, jeeweils en Atelier fir déi ganz Famill ronderëm de Schifer. Wat een hei genee erwaart, weess d'Katrin Maus vum regionale Tourismusverband Guttland:
"Do gi mir zesumme mat de Guidë vum Schifermusée fir d'éischt erof an d'Grouf Laura bis 15 Meter ënnert dem Buedem erof. No der Besichtegung kann de Participant seng eege Schiferplack mat Hëllef vun enger Punktentechnik no Loscht a Laun bemolen an dekoréieren. Also do kann ee senger Kreativitéit fräie Laf loossen."
Kanner vu 6 Joer u kënnen hei a Begleedung vun engem Erwuessenen e flotten Nomëtteg verbréngen. Lass geet et um 14 Auer an dat Ganzt dauert zwouanenghallef Stonn. Fir d'Besichtegung vun der Grouf sollt een awer un déi richteg Kleeder denken:
"Wichteg ze wëssen, ass, dass een u fest Schong an un eng waarm Jackett soll denken, well an der Grouf sinn et konstant 9 Grad."
Umelle kann ee sech um Site vum regionalen Tourismusverband Guttland. Dëse Workshop kann awer och op Ufro op all aner Dag oder zu enger anerer Auerzäit reservéiert ginn.
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg: Déi 5. Editioun vum Echterlive Festival am Trifolion
Den Tipp vun en Dënschdeg: De White Dinner um Përmesknupp
Den Tipp vun e Mëttwoch:D'Stengeforter Steekaulen an hir Mouken