Op Airbnb oder och athome.lu, alles ass am Barbie-Hype

© Image Screenshot vun athome.lu
Mam Barbie-Film an de Kinoen ass och en neien Hype entstanen. Et gëtt net just rosa gekacht a sech rosa ugedoen... Nee, et gëtt och pink gewunnt.
D'Barbara Milicent Roberts, kuerz Barbie, gëllt als déi bekanntste wéi och meeschtverkaafte Popp op der Welt. Si ass d'Enseigne vu Mattel, sou wéi hire männleche Pendant, de Kenneth Sean Carson, besser bekannt als Ken.
Huet bis ewell u sech quasi jiddereen de Begrëff Barbie scho kannt, kënnt ee spéitstens zanter dem Film vun der Realisatrice Greta Gerwig net méi derlaanscht. Alles ass ewell op rosa agestallt.
E besonneschen Highlight fir richteg Fans ass ganz sécher wunne wéi d'Barbie. An do hat Airbnb den Ufank gemaach. Do kann een nämlech eng Nuecht am DreamHouse zu Malibu reservéieren an dat souguer komplett gratis. De Ken huet dës Annonce opgesat, fir sech wärend der Absence vu senger besserer Hallschent net sou eleng ze fillen.
Rosa Villa och op athome.lu
Kennt Dir schonn de Quartier Barbie Land an der Stad? Dobäi ass dës Villa wuel net z'iwwersinn.
An enger roueger Strooss, ouni Duerchgangsverkéier, steet dës pink 95-Quadratmeter-Villa mat zwou Schlofkummeren. Fir d'Panorama-Vue och tatsächlech zu 100% ze hunn, gouf komplett op Baussewänn verzicht.
Allgemeng ass d'Bauweis vum avantgardisteschen Architekt schonn eenzegaarteg: d'Form vun der Villa ass dräieckeg an op dräi Stäck ass allkéiers just ee Raum. Trape brauch et net, et spréngt ee ganz einfach vu Stack zu Stack.
D'Stater Barbie DreamHouse suergt deemno och fir de Barbie-Dream-Body...
Wat dës Villa awer besonnesch speziell mécht, sinn den Dressing, deen d'Gezei net just eegestänneg botzt, e streckt se och nach. Et gëtt eng Dusch ouni Waasser, dat spuert natierlech enorm Waasserkäschten an et gëtt eng Schwämm. D'Plage läit just 5 Minutten ewech an och d'Noperschaft wier absolut derwäert, fir eng "FréKENtatioun".
Wann Dir Iech elo Froe stellt... Wat huet et domat op sech?
Nach ier de Film an d'Kinoe koum, gouf sech eng ganz Marketing-Strategie ausgeduecht. Scho méintelaang am Viraus sollt déi wuel bekanntste Popp zanter 1959 nees an de Fokus réckelen.
Et ass en Hype entstanenen, laanscht deen een u sech iwwerhaapt net méi kënnt. Iwwerall gesäit een d'Faarf pink an natierlech sprangen och aner Firmen a Marken op deen Trend op. Wéi et ausgesäit och mat Succès, ëmmerhin huet de Film iwwert déi berüümte Barbie eleng an den USA um éischte Weekend eng 155 Milliounen Dollar abruecht. Hei am Land goufe ganzer 12.000 Tickete verkaf.