Depart war e Méindeg
Scouten a Guidë vu Lëtzebuerg um "Jamboree" a Südkorea
180 Scouten a Guidë vu Lëtzebuerg hu sech e Méindeg de Moie fréi mat Busser Richtung Frankfurt gemaach.
Vun do aus geet et mam Fliger a Südkorea. Hei ass vum 1. bis den 12. August den Jamboree. Dëst ass en internationale Scoutscamp, deen all 4 Joer op enger anerer Plaz organiséiert gëtt. Déi Jonk vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten an der Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg hunn tëscht 14 a 17 Joer. Si gi vun enge 70 Erwuessener begleet.
Ronn 47.000 Jonker gi sech a Südkorea erwaart. Si kommen aus iwwer 140 verschiddene Länner.
©
Christophe Hochard / RTL
©
Christophe Hochard / RTL
©
Christophe Hochard / RTL
©
Christophe Hochard / RTL
©
Christophe Hochard / RTL
©
Christophe Hochard / RTL
©
Christophe Hochard / RTL
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies