"Mein Lokal, dein Lokal" ass dës Woch zu Lëtzebuerg

Fënnef Restauranten aus dem Grand-Duché sinn dës Kéier an der Course vun der däitscher Kach-Sendung, déi op KabelEins leeft.
A fënnef Episoden trëtt allkéiers ee Lëtzebuerger Restaurant un a presentéiert sech a säin Iesse senge Konkurrente vun der beschtméiglecher Säit. Dës sinn nämlech beim jeeweilege Kandidat zu Gaascht a bewäerten d'Iessen an de Service. All Dag ass een aneren drun. De Mike Süsser, Kach a Moderator vun der Sendung, vergëtt dann zum Schluss als Aussestoenden och nach eemol Punkten.
Dobäi sinn d'Brasserie Abtei am Gronn, "TEMPO" a Clausen, d'Brasserie "Um Eck" zu Hueschtert bei Nidderaanwen, d'Wäistuff Leuck zu Lenneng an de "Savory" zu Gréiwemaacher.
Déi 5 Restaurante ginn een nom anere vun der Konkurrenz ënnert d'Lupp geholl, dat heescht, si probéiere sech duerch 3 Platen. Da kucke si awer och d'Raimlechkeeten an d'Kichenariichtunge méi genee. Alles zesumme geholl, gëtt et dann eng Bewäertung vun 1 bis 10 vun deenen eenzele Käch.
De Chris Juchemes aus dem Savory zu Maacher seet, datt et eng super Experienz war, fir derbäi ze sinn. Wéi koum hien iwwerhaapt dohinner?
"Do krut ech eng Email vun hinne geschéckt an hu gesot, ech kéint e Casting maachen, wou ech kéint do matmaachen. An do hunn ech direkt geduecht: Oh super, dat wier jo eng genial Iddi elo fir eis 10 Joer, da kënne mer dat och richteg schéi breet trëppelen, well de Restaurant elo 10 Joer erreecht huet. An do hunn ech einfach beschloss, jo wa se mech huelen, da géif ech ganz gäre matmaachen."
An dat huet geklappt an de Chris Juchemes war mat senger Ekipp am Restaurant Savory an der Emissioun, nieft 4 anerer Restauranten. E Freideg gëtt den Episod mat sengem Restaurant gesent. Ma natierlech ass de Chris Juchemes och an deenen aneren Episoden ze gesinn, well se jo mat an déi aner Restaurante schmaache ginn:
"Déi ganz Woch ware mir ënnerwee an all Dag ware mer an engem anere Restaurant, wou mir giess hunn. An dat war jo, dat war scho ganz schéin ustrengend, war schéin a mol net schéin, an et war an der Rei. Et war awer méi schéin, wéi net schéin."
Hat een dann Angscht wéi déi aner Käch bei ee schmaache koumen?
"Et hatt een anstänneg Respekt virdrun, also jo e bëssen ass mer de Wapp scho gaangen."
Mir soen natierlech net wéi et ausgeet. Nach e puer Wuert zu den Dréiaarbechten?
"Jo, dat war richteg ustrengend, et war eng ganz Woch laang a mir hate vu moies 9 bis owes 9 Dréiaarbechten, zum Schluss net méi grad esou laang. Et war schonn ustrengend, also dat ware laang Deeg."
An den Owend gëtt dann ugefaange mat kucken. "Jo, jo, jo, jo, ech hunn och schonn den Noper agelueden haut den Owend, mat deem kucken dann den Owend. All Owend kann ech net kucken, well ech muss jo och nach bëssi schaffen."
Net sou vill, et ass jo net just, datt d'Käch een deen anere bewäerten. Do ass jo och nach de Kach Mike Süsser, deen e Wiertche matschwätzt an där Emissioun an deen dann och seng Punkte verdeelt. De Restaurant, deen déi meeschte Punkte kritt, kritt Enn der Woch de "Gëllenen Teller" an 3.000 Euro.