Virun 11 Joer huet d'Michaela sech Hals iwwer Kapp verléift - an e Lama. Elo huet déi jonk Fra eng Lamafarm zesumme mat hirer Famill.

A Bayern, méi genee am klengen Duerf Ascholding liewe knapp 800 Leit. Dorënner och d'Michaela, hire Mann Daniel, hir zwee Kanner an d'Grousselteren. Mat op hirem Terrain liewe mëttlerweil awer och 21 Lamaen, a geschwënn souguer nach méi.

Déi jonk Fra war eigentlech Restaurateurin. Si huet also eeler Konscht- a Kulturgidder rëm hiergestallt a war dofir a ganz Däitschland ënnerwee. Déi éischte Kéier, wou d'Michaela op Lamaen trëfft, war et entscheet. "Es war Liebe auf den ersten Blick. Es sind einfach meine Herzenstiere."

Si huet sech eragelies, alles geléiert, wat e wësse muss an déi néideg Autorisatiounen ugefrot. Virun 11 Joer war et du souwäit an zwee Lamae si beim Michaela a sengem Mann erageplënnert. Mëttlerweil sinn et 21 Lamaen an d'Famill waart den Ament gespaant op d'Gebuert vu weiderem Nowuess. Also mir schwätze wuelverstane vun Lama-Nowuess.

Eng Wanderung fir Kapp a Séil

Am Alldag bitt d'Michaela Lama-Wanderungen un. Dat souwuel fir kleng Gruppen, wéi och fir Familljefeieren, Gebuertsdeeg oder souguer fir Klassen. D'Trëppele goe mat eng Lama géif een einfach erofbréngen.

"Man sieht das sehr deutlich bei Kindern mit ADHS. Die Lamawanderungen haben eine beruhigende und entspannende Wirkung." D'Michaela bitt awer och d'Kraiderwanderungen un, wou een dann um Lama-Treppeltour och nach iwwer sëllege Kraider eppes gewuer gëtt, déi do einfach an der bayrescher Natur wuessen.

RTL

Zuucht an d'Veraarbechtung vun der Woll ass e weideren Aspekt vun der Lamafarm. D'Michaela ass nämlech och Lama-Coiffeuse. Eemol d'Joer reest d'Mamm vun zwee Kanner e puer Wochen duerch ganz Däitschland a Grenzregioun a schuert Lamaen an Alpakaen. Dëse Summer huet si ronn 500 Déiere geschuer. Dat steet natierlech och bei hiren eegenen Déieren um Programm. Aus dem Pelz spënnt d'Michaela da Woll an d'Bomi mécht doraus Bännercher fir de Wanter.

Big Business mam Lama-Alpaka-Trend?

D'Lamaen a besonnesch Alpakaen sinn zënter e puer Joer en Trend-Déier. Deementspriechend waren a sinn och esou Wanderungen, wéi d'Michaela se ubitt, beléift. Häff oder Entreprisen, déi domat dat schnellt Geld maache wëllen, där hätt een déi lescht Joren awer scho vill scheitere gesinn. "Wenn die so aus dem nichts entstehen, verschwinden sie auch schnell wieder. Den Leute ist oft nicht bewusst, wie viel Arbeit dahinter steckt." 

D'Michaela an hir Famill kënne mëttlerweil vun der Lama-Farm liewen, ma dat hätt ee sech awer mat vill Aarbecht an Ustrengung opgebaut. Dës weideren ass et och eng grouss Verflichtung. "Spontan wegfahren und Urlaub machen, ist nicht drin." An awer wier et "der beste Job der Welt", seet d'Michaela mat engem houfregem Laachen.