Taylor Swift bezilt Tour-Ekipp Primm a Milliounenhéicht

© RTL Archiv
Bei der Sängerin leeft et finanziell esou gutt, datt d'Taylor Swift hire Gewënn och mat alle Mataarbechter deelt, déi un hire grousse Shows matschaffen.
Wéi d'"People"-Magazin matdeelt, huet d'US-Popstar Taylor Swift viru Kuerzem Primmen am Wäert vun am Ganze 55 Milliounen Dollar un hir Crew vun der "Eras"-Tour verdeelt. Dorënner wieren ënnert anerem Dänzer, Tountechniker a Mataarbechter vum Catering.
D'Promi-Portal "TMZ" huet virop gemellt gehat, datt d'Sängerin eleng de Camionschauffere vun hirer Tournée jeeweils 100.000 Dollar virum Concert zu Santa Clara de Weekend geschenkt huet. D'Kënschtlerin kritt awer "TMZ" no och vill eran: den Ëmsaz vun der Tour soll elo scho bei enger Milliard Dollar leien.
D'Tournée vun der Grammy-Gewënnerin huet am Mäerz zu Glendale am US-Bundesstaat Arizona ugefaangen. Mat ganzer 44 Lidder begeeschtert d'Sängerin do hir Fans. Am Juni huet d'Taylor Swift iwwerdeems fir 2024 Concerten an Europa, Asien an Australien annoncéiert. Ufank des Mounts koum dunn nach d'Annonce vun enger Rei Concerten a Latäinamerika.