Fir den Opbau ass de Glacis vun e Méinden un komplett fir den Trafic gespaart. Da komme lues a lues och d’Foraine mat hire Manegen un.

Fouer gëtt opgeriicht / Reportage Diana Hoffmann

Den 23. August geet d’Schueberfouer un. D’Opbauaarbechten um Glacis si voll amgaangen. Déi éischt grouss Iessbude sti schonn an d’Foraine freeë sech drop, dass et lass geet. Sou zum Beispill de Gordon Braun, deen d’lescht Joer eng vun den Iessbude mat iwwerholl huet, déi als Institutioun op der Fouer gëllt. "D’Zelt ass fort, et ass net méi esou wéi et virdru war. Et gëtt méi heemesch", erkläert hien dat neit Konzept. Elo wier alles am Holz gehalen. Ma net just bei der Restauratioun ginn et e puer Neierungen. Och solle wéi all Joer nei Spiller d’Visiteuren iwwerraschen. De Laurent Schwaller, dee bei der Stad Lëtzebuerg fir d’Fouer responsabel ass, verréit der schonn e puer. Ënnert deenen neie Spiller ass d’Wilde Maus XXL. Eng Achterbunn, déi schonn 2015 op der Fouer war, mee déi een elo och ka mat engem VR-Brëll fueren, fir e komplett neit Erliefnis. Nei ass och de Gladiator, e Loopinggeschäft vu 60 Meter Héicht, oder den Airwolf fir Leit, déi sech gären duerchrësele loossen. Da gëtt et eng nei traditionell Geeschterbunn an och nei Karusseller fir Kanner.

D’Spiller kommen an den nächsten Deeg um Glacis un. Vill vun de Spiller komme vun anere Foiren aus dem Ausland. Et wier en organiséierte Chaos, seet de Laurent Schwaller. Bei der Opstellung gëtt gekuckt, wéi eng Uschlëss d’Geschäfter brauchen. Bei de Spiller misst ee kucken, wat an d’Luucht geet, wat säitlech schaukelt. Ma et gëtt och gekuckt, dass d’Neiheeten net all beienee sinn an dass d’Ästhetik op Fotoen oder Filmer stëmmt.

Wien dann iwwert d’Fouer wëllt trëppelen, dee kann e Fousswee vu 4 Kilometer op dem 4,5 Hektar groussen Terrain maachen. Sou laang sinn nämlech ongeféier all d’Alleeën zesummegezielt.

Bei de Fouerpräisser mussen d’Visiteure sech awer, wéi quasi bei allem, op eng liicht Hausse gefaasst maachen. Besonnesch bei der Restauratioun, mengt de Laurent Schwaller. Och d’Schueberfouer géing leider net vun der Inflatioun verschount bleiwen. D’Foraine géingen awer versichen, dës net eent zu eent un de Client weider ze ginn. Et wier awer fir jiddereen a fir all Portmonnie eppes ze fannen. An der éischter Woch wier mëttwochs de Familljendag mat Reduktiounen, an de leschten Dag géing bis 11 Auer owes fir d’Spiller den hallwe Präis gëllen. De leschten Dag wäert iwweregens den 11. September sinn.

D'Organisateure rechnen och dëst Joer mat 1,5 bis 2 Millioune Visiteuren op deenen 20 Deeg. Dat wieren der 80.000 bis 100.000 den Dag.