De Wäi mat dem geheimen Extra
D'Fest op der Musel zu Stadbriedemes gëtt et schonn zanter ville Joerzéngten. Bekannt ass et virun allem wéinst dem spruddelege Wäin, deen et just do gëtt.
De Picadilly lackelt bannent 3 Deeg all Joer eng 12 bis 13.000 Visiteuren op d'Musel. Fir den Event gëtt eng kleng Cité opgeriicht, erkläert de Michel Marx, Tresorier vum Syndicat d'Initiative Stadbriedemes. Erfarung huet een an där Hisiicht scho vill gesammelt, well d'Fest gëtt et schonn zanter iwwer 60 Joer. D'Fest vun haut huet a sengen Dimensiounen awer net méi vill mat deem vu fréier ze dinn. "Déi éischt Comitésversammlung hu mer nach driwwer gestridden, ob mer solle 700 oder 800 Fläsche Picadilly maachen", erënnert sech de Marco Albert, dee méi wéi 10 Joer President vum Syndicat d'Initiative Stadbriedemes war.
Hautzedaags sinn et mat enger 10.000 Fläschen, déi op den 3 Deeg verkaaft ginn, kapp 15 mol méi. Verschidde Leit géinge sech esouguer och emol eng Këscht siche kommen, seet de Marco Albert. Besonnesch dann, wa se net kéinten dobäi sinn, well se dee Weekend an d'Vakanz géinge fueren.
Beim Picadilly-Gedrénks handelt et sech dann net ëm normale Wäin. Ausser dass et e Gedrénks op Wäi-Cassisbasis ass, mat nach e puer geheimen Ingredienten, verréit de Michel Marx näischt. Den Numm kënnt vun engem Kellermeeschter erkläert de Marco Albert. Dobäi stéing "pica" fir spruddeleg an "dilly" fir e bëssen duseleg. Am Comité wier den Numm deemools awer net sou gutt ukomm, sou dass een iwwer e puer Méint e Concours organiséiert hätt. D'Resultat: Keen Numm huet besser gefall, soudass et beim Numm Picadilly bliwwen ass. An dat bis haut.
Nach e Samschdegowend an e Sonndeg gëtt dann op der Musel, wéi net onüblech, de Wäin an d'Zesummesi geféiert.