Si verkierpert d'Barbie net nëmmen - si ass och ee vun de Käpp hannert dem enorm erfollegräiche Blockbuster.

Als Haaptactrice a Produzentin huet d'Margot Robie ee ganz entscheedenden Undeel um Mega-Succès vun dësem Kinosummer.

D'Australierin soll ronn 50 Milliounen US-Dollar um Film "Barbie" verdéngen. Déi Zomm setzt sech dem "Spiegel" no duerch hire Verdéngscht als Actrice a Kombinatioun mat de Bonifikatiounen duerch den Erfolleg vum Film an de Kinoen zesummen - bis ewell 1,18 Milliarden Dollar. De Budget vum Film soll bei 145 Milliounen Dollar geleeën hunn.

Och d'Greta Gerwig schreift Geschicht: "Barbie" ass de bis ewell erfollegräichste Film vun enger Regisseurin. Nëmmen "Harry Potter und die Heiligtümer des Todes Teil 2" (Regie: David Yates) hu méi agespillt.

De Film kënnt awer net iwwerall gutt un. No Kuwait an dem Libanon huet och Algerien de Film an de Kinoe gestoppt. Wéi et um Noriichtesite 24H Algérie heescht, wier de Film wéinst "Verstouss géint d'Moral" no zwou Woche gestoppt ginn.