Britney Spears a Sam Asghari loosse sech scheeden

D'Britney Spears an hire Mann Sam Asghari / © AFP
Den US-Popstar Britney Spears an hire Mann Sam Asghari hu sech getrennt. D'Koppel hat sech eréischt viru 14 Méint d'Jo-Wuert ginn.
Den drëtte Mariage vum Britney Spears ass gescheitert. Hire Mann Sam Asghari huet d'Scheedung agereecht. Nodeems eng Persoun aus dem Ëmfeld vum 29 Joer ale Mann der Noriichtenagence AP entspriechend Medieberichter ënnert anerem vun "TMZ" an dem Magazin "People" confirméiert hat, huet hie selwer d'Informatioun bestätegt. Wéi et vun him heescht, géing d'Koppel "un hirer Léift festhalen", awer getrennte Weeër goen. No nëmme 14 Méint huet den Asghari zu Los Angeles d'Scheedung agereecht. Medieberichter no soll et e grousse Sträit tëscht deenen zwee ginn hunn. Den Asghari soll hir reprochéiert hunn, friemgaangen ze sinn.
D'Hochzäit war den 9. Juni 2022 am Haus vum Britney Spears zu Thousand Oaks (Bundesstaat Kalifornien). Invitéiert ware Gäscht wéi Selena Gomez, Drew Barrymore, Paris Hilton a Madonna. Den Asghari ass Model a Schauspiller. D'Sängerin hat hien 2016 wärend Dréiaarbechte fir de Video vun hirem Lidd "Slumber Party" kennegeléiert.
Ronn ee Mount virun der Hochzäit hat d'Britney Spears eng Feelgebuert.
An de leschte Méint war ëmmer nees gemellt ginn, d'Koppel hätt Bezéiungsproblemer. D'Sängerin huet sech bis ewell net geäussert.
Fir déi 41 Joer al Sängerin ass et deen drëtte Mariage. 2004 war si manner ewéi dräi Deeg mat hirem Jugendfrënd Jason Alexander bestuet, dee méi spéit versicht hat, d'Hochzäit mam Asghari ze stéieren an ënnert anerem wéinst Kierperverletzung verurteelt gouf. 2004 hat si och den Dänzer Kevin Federline bestuet. De Mariage vun dräi Joer ass an eng Zäit gefall, an där d'Spears ëmmer nees mat hirer psychescher Gesondheet ze kämpfen hat. De Federline ass och de Papp vun hiren zwee Jongen an huet d'Suergerecht fir déi zwee Teenager.
Am Joer 2008 gouf si ënnert Tutelle vun hirem Papp gestallt. Am November 2021 gouf deem een Enn gesat, dat no engem laange juristesche Sträit. Zanterhier huet d'Musekerin weider Musek verëffentlecht, ass awer zanter Joren net méi live opgetrueden.