"Mähdreschercross" zu Rammerech

© Lëtzebuerger Landjugend Zenter
Wie sech fir Motorsport a grouss Maschinnen interesséiert, deen dierft e Sonndeg um "Mähdreschercross" zu Rammerech op seng Käschte kommen.
De 27. August invitéiert d'Landjugend Zenter nämlech op hir mëttlerweil 15. Editioun vum "Mähdreschercross".
Lass geet et Moies um 10 Auer mam Training. De Christian Zimmer, President vun der Lëtzebuerger Landjugend Zenter:
"Do ka jiddereen, dee matfiert eng Kéier d'Pist kenneléieren an ab 13 Auer ass dann de Startschoss vun der Course. Do ginn dann eis 4 Klassen un de Start. Mir hunn eng Standard Klass. Dat sinn al Mädrescher, déi sinn ëmgebaut, dass se e bëssen de Sécherheetsnormen entspriechen. Dono hu mer nach eng Spezialklass, dat sinn och al Mädrescher, mee déi sinn awer schonn e bëssi modifiéiert an dann hu mer nach eng fräi Klass, déi si vum Chassis u selwer gebaut."
An da gëtt et och nach eng Dammeklass, déi sech op sou e Méidrescher traut. Ma och de weibleche Public kënnt net ze kuerz:
"Mir hunn dëst Joer eppes fir déi weiblech Gäscht virbereet, also déi kënne sech roueg trauen ze kommen."
D'Ekippen, déi matfueren, kommen dann och net nëmmen hei aus dem Land:
"Mir sinn international vertrueden, mir hu Chauffeuren aus Holland, Belsch, Frankräich, Däitschland an natierlech och aus Lëtzebuerg."
Hei zu Lëtzebuerg ginn zwar keng Championnater gefuer, an awer ass et ee Spektakel, deen ee sech net soll entgoe loossen.
Parkméiglechkeete ginn et um Site selwer genuch. Et heescht awer op eppes opzepassen:
"Mir hunn e Sens unique vun Hueschtert Richtung Rued, do sinn dann d'Leit gebieden och alleguerten iwwer Hueschtert eranzefueren, well vun där anerer Säit kënnt een net erbäi."
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt an d'Tickete kritt een e Sonndeg direkt an der Entrée.
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg: Fotoexpo Nature’s Luxembourg Veianer Schlass
Den Tipp vun en Dënschdeg: Op Entdeckungsrees an der "Schlammwiss"
Den Tipp vun e Mëttwoch: Mam Solarboot um Stauséi