D’Liewe mat ADHS a seng Erausfuerderungen: eng betraffe Famill erzielt eis wat dës Diagnos am Alldag bedeit.

Léieren. Dat fält dem Zora méi schwéier wéi anere Kanner. Dat 11 Joer jonkt Meedchen huet nämlech ADHS, also en Opmierksamkeetsdefizit- an Hyperaktivitéits-Syndrom. Dat typescht Bild vum wibbelege Kand trëfft awer net op hatt zou. Hatt wier éischter den Dreemer-Typ, erkläert seng Mamm, déi schonn am éischte Schouljoer gemierkt huet, dass souwuel d’Zora wéi och säi grousse Brudder Noé anescht sinn.

Martine Mersch, Mamm vum Zora an Noé: “Et stellt ee sech déi Fro ëmmer, ‘wat ass normal?’. Et weess een net wéi laang déi aner brauchen. Am Austausch mam Léierpersonal hunn ech awer séier gemierkt, dass anerer wierklech méi séier waren, net laang gebraucht hunn. Wa si mir soen ‘Hausaufgaben 5-10 Minutten’ a mir souzen awer eng hallef Stonn bis eng Stonn dobäi, dann hunn ech mir scho meng Froe gestallt.”

Dobäi kënnt, dass d’Zora net just ADHS, mee och nach eng Dyslexie huet – also Problemer mam liesen a schreiwen. Laang hat hatt Schwieregkeete fir seng Situatioun z’akzeptéieren. Ma duerch déi reegelméisseg Orthophonie-Coursen an Therapien am SCAP (Service de Consultation et d’Aide), hätt hatt geléiert besser domat ëmzegoen.

Zora: "Mir huet et gehollef et besser ze verstoen, well ech wosst um Ufank wierklech net vill dovunner. Et muss een halt d’Kraaft fanne fir iergendwéi eens domadder ze ginn. An ech ginn net ëmmer domadder eens, dat wäert och mengen ech ëmmer bleiwen, mee et geet scho besser."

3-6% vun de Kanner a Jonke si betraff

An der Moyenne sinn an all Schoulklass zwee Kanner mat ADHS, esou d’Cathy Mangen, Direktesch vum SCAP. Et ass déi heefegst psychesch Stéierung bei de Jonken, déi verschidde Forme kann unhuelen: déi hyperaktiv, déi verdreemt oder eng Mëschung vu béidem. D’Symptomer ginn dobäi an dräi Kategorien agedeelt: Hyperaktivitéit, Impulsivitéit, Onopmierksamkeet. A se musse schonn ëmmer present gewiescht sinn an dat an alle Liewensberäicher. Mat de wichtegste Facteur ass de Leidensdrock. A wéi beim Zora, geet ADHS dacks Hand an Hand mat enger Dyslexie.

Ze wéineg Spezialisten, ze laang Prozeduren

Eng Fréierkennung wier immens wichteg, well d’Symptomatik sech soss verschlechtere kéint. Leider géif et awer zu laange Waardezäite kommen, bedauert d’Cathy Mangen, souwuel beim Stelle vun der Diagnos, wéi och bei der Prise en Charge am SCAP. Net nëmme géife Spezialiste feelen, ma och d’Zesummenaarbecht tëscht Santé an Educatioun misst optiméiert ginn, fënnt d’Direktesch vum SCAP.

Medikamenter: jo oder nee?

Wann Therapien eleng net hëllefen, kënne Medikamenter an den Asaz kommen. Mee déi ginn dacks verdäiwelt, esou d’Cathy Mangen, obwuel se héchstens bei der Hallschent vun de Fäll géife gebraucht ginn.

Cathy Mangen, SCAP: "Et ass schued fir déi Patienten, déi op Medikatioun ugewise sinn, wann d’Eltere culpabiliséiert ginn, dass si hiert Kand wëlle roueg stellen. Well si brauchen et."

Souwuel d’Zora, wéi och säi Brudder Noé kréie Ritalin. Eng Decisioun, mat där ee sech Zäit gelooss hätt, esou hir Mamm, an déi si net bereit. An de Schoulvakanze géife se ëmmer eng Paus maache mam Medikament, ma wa geléiert muss ginn, dann hëlleft et däitlech. Dat fënnt och den 13 Joer alen Noé.

Noé: "Ech probéieren all Moien eng Pëll ze huelen, fir mech besser an der Schoul ze konzentréieren. Wann ech se vergiessen, da weess ech dass ech mat menge Bänknopere méi schwätzen an der Schoul. Oder da molen ech och wärend dem Cours. Soss maachen et dat net.”

Doriwwer eraus géif d’Medikament dobäi hëllefen, besser mat Emotiounen eens ze ginn, fënnt d’Martine Mersch. Schlussendlech misst een hirer Meenung no als Elteren selwer wëssen, wéi een dozou steet, respektiv wéini de Moment do ass, awer op Medikamenter zeréckzegräifen.

Méi Informatiounen zum Thema ADHS an dem Service vum SCAP, fannt Dir op: www.scap.lu