Falsch Adressen, feelend Stroossen a komesch Markéierungen. Mir wollte wëssen, wat Dir schonns mat Navigatiounsdéngschter erlieft hutt.

Mat engem Reportage iwwert eng veriergert Famill am RTL-Magazin hat et ugefaangen. Zu Kruuchten um Buerghaff verfiert sech zanter e puer Joer nämlech op d'mannst een Tourist den Dag, deen hei d'Stad Lëtzebuerg sicht.

D'Ursaach vun dësem Probleem läit doran, dass d'Leit Lëtzebuerg als Land aginn amplaz d'Stad Lëtzebuerg oder eng genau Adress. An dann féiert Google Maps een net an d'Haaptstad, mä an de geographeschen Zentrum vum Land, deen just gutt dräi Kilometer Loftlinn vum Haff ewech läit.

Egal ob et elo en Tourist ass, deen um 2.30 Auer um Buerghaff un der Dier schellt, fir sech ze beschwéieren, oder ob et e rosene Chauffer ass, deen iwwert der Famill hiren Hond fiert, d'Sandrine Bordang an den Henri Lommel hunn es genuch. An jo, béides ass effektiv scho geschitt. Eng Reaktioun vu Google krute bis si elo awer nach net.

An dësem Kader wollte mir vun Iech wësse, wéi eng skurril Geschichten Dir scho mat Google Maps oder aneren Navigatiounsdéngschter erlieft hutt. An där ginn et genuch.

Viru Jore war d'Bëschofsresidenz an der Avenue Marie-Thérèse mat "cheap hotel" op Google Maps gekennzeechent. Den Här Wanderscheid huet de Feeler bei der Entreprise gemellt an dee gouf no e puer Woche verbessert.

Eng witzeg awer och nerveg Geschicht krute mir vun der Madamm Weber erzielt. Si wunnt am Pafendall genau ënnert der rouder Bréck. Wa si e Pak oder Änleches bestellt, ganz schlëmm ass et bei der waarmer Pizza, da steet de Liwwerant meeschtens allerdéngs net ënnert der Bréck bei hir virun der Dier, mä uewendriwwer op der Bréck.

D'Madamm Borens huet d'Erfarung gemaach, dass hiert Zil, d'Adress vun engem Hotel, matten op der Autobunn erreecht war. Ausser der Strooss war do allerdéngs wäit a breet keen Hotel ze fannen. Eng änlech Geschicht krute mir vum Jado erageschéckt. Op der A13 Direktioun Frankräich hätt laang Zäit eng Bréck um Navigatiounsdéngscht gefeelt.

Den Här Hermann-Arend huet eis geschriwwen, dass d'Rue de la Grotte an d'Rue Wangert zu Menster als eng Strooss agezeechent ass. Dës féiert zum Schluss och nach duerch e Bësch mat engem schlecht befuerbare Wee "wou d'Auslänner sech dacks verfueren oder Camione stieche bleiwen".

Net nëmmen zu Lëtzebuerg, mä virun Allem an der Vakanz gräift ee gären op d'Hëllef vum GPS zréck, fir sech ze orientéieren. Den Här Pepin wollt esou zu Los Angeles bei d'Hollywood-Zeeche fueren: "Iwwerall stounge Schëlder vun den Awunner, dass den Navi net déi richteg Adress géif uginn. Mir duechten d'Leit wéilte just hir Rou hunn an hätten dofir d'Schëlder opgestallt, bis mir an enger Sakgaass gelant sinn...".

Et muss ee jo soen, dass déi meescht Leit positiv Erfarunge mat Google Maps an aneren Navigatiounsdéngschter maachen. E puer Feeler schläiche sech trotzdeem dran an allgemeng ass et sécherlech net verkéiert, sech net blann op de GPS ze verloossen.