Veriert Touriste sichen d'Stad Lëtzebuerg zu Kruuchten
Google Maps ass dee wuel bekanntsten Navigatiounsdéngscht. Allerdéngs ass en net ganz feelerfräi.
Zanter der Grënnung vu Google Maps am Joer 2005 huet d’Applikatioun sech ëmmer weider entwéckelt. Si ass einfach ze benotzen a jidderee kennt se. Google Maps ass fir vill Leit net méi ewechzedenken, wa se mam Auto ënnerwee sinn. Dobäi sollt ee sech awer net blann op d’Beschreiwung vum Wee verloossen.
Um Buerghaff beim Sandrine Bordang a beim Henri Lommel kommen zanter e puer Joer stänneg Touristen un, déi hei no der Stad Lëtzebuerg sichen. Ofgesi vun e puer Felder ass uewen op der Kopp allerdéngs net vill. D’Sandrine huet hei hir Veterinärspraxis fir Päerd an hire Schwoer huet hei säi Bauerebetrib.
De Probleem fir dëse Mëssel läit bei Google Maps. Wann een do Lëtzebuerg als Land agëtt, schéckt de GPS een nämlech net an d’Haaptstad, wéi déi meescht Leit denken, mä an d’Géigend vum geographeschen Zentrum vu Lëtzebuerg. An dee läit nëmmen dräi Kilometer Loftlinn vum Buerghaff ewech.
Am Ufank hunn d’Sandrine an den Henri et jo nach ganz witzeg fonnt, ma esou lues ass hinnen d’Laache vergaangen. Wéinstens eemol den Dag gesi si e friemen Auto bei hinnen am Haff. Déi meescht géinge sech dann nach entschëllegen, anerer stelle sech queesch.
Um 2.30 Auer an der Nuecht huet eng Kéier en Tourist geschellt a behaapt, hien hätt hei en Hotelszëmmer reservéiert a géing elo gären hei schlofen. En anere war esou rosen, dass hien op der falscher Plaz gelant ass, dass hien de Bierg mat voller Vitess erofgerannt ass an dobäi iwwert dem Sandrine hiren Hond gefuer ass.
Egal wéi dacks si sech beschwéieren an de Probleem bei Google mellen, kréie si keng Äntwert. Weekends probéiere si sech heiansdo selwer ze hëllefen a stellen en Auto an de Wee, dermat kee méi laanschtfuere kann. Vun enger dauerhafter Léisung kënne si am Ament just Dreemen.
Et ass eng Affär, déi d’Famill schonn dacks zum Laache bruecht huet. Mëttlerweil hu si awer d’Flemm. Si fille sech an hirer Rou an och an hirer Privatsphär gestéiert. Besonnesch sécher spiere si sech och net méi. Virun Allem wann hir Kanner am Haff spillen an d’Autoen dann esou séier laanschtfueren.