Op Geeschterjuegd am Clierfer Schlass am Halloween-Look
Passend fir Halloween waren de leschte Weekend d’Geeschter am Clierfer Schlass ënnerwee.
Ënnert dem Numm Clierfer Spuckschlass huet een d’Schlass komplett an en Halloween-Look verwandelt. Mat dobäi waren 33 Benevole-Acteuren a 7 professionell Kënschtler vun der ASBL Kopla Bunz. Eng Kompanie fir Musek an Danz-Theater. Se hunn nämlech dëst Evenement mat der Clierfer Gemeng op d’Bee gestallt. A se all erzielen op deene 6 verschiddene Statiounen zum Deel och méi grujeleg Geschichten. Dëst si Legenden, déi sech ënner anerem mam Norde vum Land auserneesetzen. Mat ville Luuchten a Dekoratioun sollte vrun allem Kanner mat an enger aner Welt geholl ginn. “Clierfer Leit si frou, wann an hirem Schlass eng lass ass” – sou déi Responsabel vun der Gemeng, déi elo ee Joer laang zesumme mat der ASBL un dësem Projet geschafft hunn. Alleguerten d’Clibb an der Gemeng goufen och gefrot, fir mat dobäi ze sinn an och d’APEMH huet matgehollef. D’Organisatioun, déi Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung am Liewen hëlleft, huet ënnert anerem fir d’Dekoratioun gesuergt.
Nom Succès de leschte Weekend kann een dovunner ausgoen, datt et och eng zweet Editioun d’nächst Joer wäert ginn.