Ëmmer nees gëtt op den Deeg virun Halloween an der Press gerätselt, wat fir ee Kostüm dat däitscht Modell dëst Joer wäert presentéieren.

Ganz gäre gëtt déi 50 Joer al Klum als "Queen of Halloween" bezeechent, well all Joer investéiert dat fréiert Modell vill Gedanken, Zäit, Geld an Energie an den Design vun hirem Kostüm.

Dëst Joer ass de Choix dunn op de Pohunn gefall. De Kostüm war awer just komplett mat Hëllef vun 10 Dänzer an Dänzerinnen, déi d'Fiederkleet vum Modell duergestallt hunn. Perfektionéiert gouf d'Verkleedung awer vum Tom Kaulitz, dem Mann vun der Heidi Klum: Dësen ass nämlech ganz passend als iwwerdimensionaalt grousst Ee gaangen.

Wéi haten d'Leit zu Lëtzebuerg sech verkleet?

Mir hunn Iech dobaussen opgeruff, Iech eis Verkleedungen eranzeschécken. Fannt d'Impressiounen an eiser Fotogalerie.