Um zweeten Dag vum Event huet d'Wieder matgespillt, an et gouf op en neits vill Animatioun.

Highlights waren zum Beispill de Concert vum elektronesche Museksprojet Ekosyn, den traditionelle Cabaret mat Spektakel am groussen Zirkuszelt an als Kiischt um Kuch d'Feiershow vu "Les Têtes Brûlées" ënner fräiem Himmel.

Donieft allerlee Exposanten, déi ënner anerem Konschthandwierk, Gaardenartikelen a Spezialitéite fir z'iessen proposéiert hunn.

Informatioune gëtt et op www.wanterfeeling.lu