D'Sheynnis Palacios ass nei Miss Universe

© AFP
Déi 23 Joer jonk Nicaraguanerin Sheynnis Palacios huet e Samschdeg den Titel vun der schéinster Fra am Universum gewonnen.
Déi 72. Editioun vum Miss-Universe-Concours war e Samschdeg zu San Salvador, der Haaptstad vun El Salvador. Hir Konkurrentinnen aus Thailand an Australien koumen op Plaz 2, respektiv 3.
D'Sheynnis Palacios huet sech géint 83 Fraen aus der ganzer Welt duerchgesat. Beim Concours konnten eng alleréischte Kéier och Mammen an Transgender-Kandidatinne matmaachen. Eng Mamm, déi 28 Joer al Miss Kolumbien, huet et ënnert déi bescht 5 gepackt gehat, d'Transgender-Kandidatin aus Portugal koum ënnert déi éischt 20, genee wéi déi alleréischt méi mockeleg Kandidatin, eng Nepalesin.
Beim Miss-Universe-Concours muss een tëscht 18 an 29 Joer al sinn, fir kënne matzemaachen. Bis ewell war et eng Reegel, dass Kandidatinne keng Kanner dierfen hunn.