Ganz rezent gouf zu Lëtzebuerg den EuroMillions-Jackpot vun 83 Milliounen Euro geknackt. Esou heefeg kënnt dat awer net vir.

Jiddereen huet sech dach bestëmmt schonn eng Kéier gesot: "Wann ech am EuroMillions gewannen, da kafen ech mir dëst oder maachen dat an dat." Dass et da wierklech eng Kéier geschitt an een déi richteg fënnef Zuelen an zwee Stären ukräizt, dat ass éischter onwarscheinlech. Soe mer esou: Et ass souguer méi warscheinlech, vum Blëtz getraff ze ginn oder vun engem Hai ugegraff ze ginn, wéi den Jackpot beim EuroMillions ze knacken. D'Probabilitéit läit nämlech bei ronn 1 zu 140 Milliounen.

D'Chance, ze gewannen, ass fir all Spiller déi selwecht, onofhängeg dovun a wéi engem EuroMillions-Land ee matspillt.

An tatsächlech ass d'Chance, ze gewannen, net onbedéngt méi héich, wat ee méi dacks matspillt. Dat läit drun, dass ëmmer rëm nei Zuelen ausgeloust ginn an d'Resultater onofhängeg vun enee sinn, wéi de Lëtzebuerger Mathematiker Pierre Haas erkläert.

Op d'Fro, ob de Mathematiker selwer da géif am Lotto spillen, war d'Äntwert kloer: "Nee, am Duerchschnëtt verléiert een."

RTL

Zu Lëtzebuerg ass e grousse Jackpot méi seelen, wéi an aner Länner. "Natierlech hu mir zu Lëtzebuerg wéinst eiser Gréisst vill manner Spiller, déi matmaachen, wéi an engem grousse Land wéi Frankräich. Doduerch gëtt et dann och manner dacks e groussen Jackpot", erkläert de Léon Losch, Direkter vun der Loterie Nationale.

D'lescht Joer hat d'Loterie Nationale e Chiffre d'Affaires vun 158 Milliounen Euro, dovunner goufe 95 Milliounen u Gewënner ausbezuelt. De Benefice vu méi wéi 26 Milliounen Euro ass vum Oeuvre Nationale un Associatioune fir gutt Zwecker verdeelt ginn.

Gewënner bleiwen anonym

Wann een zu Lëtzebuerg am EuroMillions gewënnt, da gëtt den Numm net publizéiert. Domat wëll een d'Privatsphäre vum Gewënner schützen. Wann de Gewënner säi Lous aléist, da kënnt dësen a Kontakt mat der Ekipp vun der Loterie Nationale. Hei kritt dësen dann e puer Tipps mat op de Wee, wéi ee mat esou vill Suen ëmgeet an op wat een oppasse soll.

Wann de Gewënner sech net mellt, da kann et mol geschéien, dass d'Loterie Nationale en Opruff mécht, fir de Gewënner ze fannen. Dat probéiert een awer ze vermeiden, well sech hei dacks Leit mellen, déi behaapten, hiren Ticket verluer ze hunn.

Gehéiert een dann net zu de Gewënner, huet een déi Woch drop rëm eng nei Chance. Mä opgepasst: Och vum Glécksspill kann een ofhängeg ginn. Hëllef fannt Dir bei der Anonym Glécksspiller asbl.