All Famill huet hir eege kleng Traditiounen, grad esou Ënnerscheed sech d'Aart ze feiere vu Land zu Land.

U wat erënnert Dir Iech, wann der u Chrëschtdag an Ärer Kandheet denkt? Mir hunn eis inspiréiere gelooss vu Rezepter an Traditiounen aus verschiddene Länner, ënner anerem huele mir Iech mat op Zypern an a Schweden.

Traditionell Kichelcher aus Zypern

"Bei eis waren heiansdo méi wéi 50 Leit um Dësch. Mir haten ëmmer een oppent Haus, jiddereen ass komm a gaangen, och wann een net direkt invitéiert war. Et geet drëms, d'Leit zesummen ze bréngen."

RTL

© RTL

D'Georgia Paphiti lieft zanter 9 Joer zu Lëtzebuerg an ass gebierteg aus Zypern. Fir eis huet si traditionell Kichelcher aus hirer Heemecht gebak: "Si heesche Melomakarona. Dat kënnt vun engem ganz ale Rezept fir Makaria. Dat heescht esou vill wéi Respekt fir déi Verstuerwen. D'Leit hunn déi fréier gemaach, fir deene Verstuerwenen ze gedenken. Dunn ass den Hunneg dobäi gemaach ginn. Hunneg ass een Zeeche fir d'Liewen an dofir heesche se elo Melomakarona a säit honnerte vu Jore gehéiere si elo zu de Präparatioune fir d'Fest."

Traditiounen zu Chrëschtdag an anere Länner
An dësem Deel huele mer iech mat op Zypern. Do ginn et d'traditionell Kichelcher Melomakarona.

Hei dem Georgia säi Rezpet fir Melomakarona

Dir braucht:

Fir d’Kichelcher:

400 ml Orangëjus
400 ml Sonneblummenueleg
180 mol Olivenueleg
1 kg Miel
200 gr Schmull
50 gr Pudderzocker
2 – 3 Téiläffel Kanéil
¼ Téiläffel Muskat 
1 Téiläffel Bakpolver
Orangëschuel

Fir de Sirop:

500 ml Waasser
800 gr Zocker
1 hallef onbehandelt Orange
2 Staange Kanéil
3 bis 4 Neelcheskäpp
150 gr Hunneg

Esou geet et:

Fir d'éischt muss de Sirop gemaach ginn, dee muss nämlech am beschten tëscht 3 a 4 Stonnen zéien. Alleguerten d'Ingredienten ausser den Hunneg ginn an engem Dëppen zesummegemëscht. Da gëtt et opgekacht, bis dass den Zocker sech opgeléist huet. Duerno gëtt et vun der Kachplack geholl an den Hunneg ënnergehuewen. 3 bis 4 Stonnen zéie loossen.

Fir d'Kichelcher d'Miel an de Schmull an enger Schossel mëschen. An enger anerer Schossel den Oliven-, Sonneblummenueleg an den Orangëjus gutt mëschen. Duerno de Pudderzocker, de Kanéil, de Muskat, d'Orangëschuel an d'Bakpolver ënnerhiewen. 1 bis 2 Minutte gutt réieren. D'Mëschung gëtt da mam Miel a mam Schmull gemëscht. Aus deem Deeg formt een dann d'Kichelcher.

Et hëlt ee sech eng kleng Hand voll Deeg, rullt en an der Hand oder iwwert eng speziell Louche a leet en dann op ee Blech. 20 bis 25 Minutte kommen déi nach réi Kuchelcher bei 180 Grad an den Uewen. Nom Bake gi se  direkt an de Sirop gezappt an um Schluss kann een Nëss driwwer streeën. Fäerdeg sinn d'Melomakarona.

Glögg aus Schweden

"Wéi ech virun 30 Joer op Lëtzebuerg komm sinn, hu mir eist Haus fir Chrëschtdag mat Luuchten dekoréiert. Do hunn d'Nopere geschellt a gefrot, wat dat wär, dat war jo ganz exotesch. Mee elo gesäit een dat jo iwwerall."

RTL

© RTL

De Patrik Osterblad ass a Schweden gebuer a lieft zanter 30 Joer zu Lëtzebuerg. A Schweden gëtt vum 1. Advent u Glögg zerwéiert, dozou gehéiere souguer richteg Glögg-Partyen: "Du invitéiers Frënn oder gëss vu Frënn invitéiert. Dir drénkt Glögg zesummen, hoffentlech och bësse Kaffi an dobäi ësst een zum Beispill Séissegkeeten. Et ass eng Aart Pre- Chrëschtdagsfeier."

Traditiounen zu Chrëschtdag an anere Länner
Mir huelen iech mat a Schweden a maache Glögg.

Hei dem Patrik säi Rezept fir Glögg

Dir braucht:

  • 1 Téiläffel Kardamom
  • 3 Staange Kanéil
  • 20 Neelcheskäpp
  • 1 kléngt Stéck gedréchente Gingembre (kann och duerch frësche Gingembre ersat ginn)
  • 1 kléngt Stéck gedréchent Orangëschuel (kann och duerch frësch Orangëschuel ersat ginn)
  • 1 dl Vodka an 0,5 dl Brandy
  • 1 Fläsch Routwäin
  • Zocker esou vill wéi een et perséinlech gären huet
  • Mandelen a Korinten
  • Een Amaachglas  

Esou geet et:

Fir d'éischt muss Dir den "Zaubertrank" präparéieren. De Kardamom gëtt an enger Mörser zerklengert, de Kanéil gëtt gebrach, de gedréchente Gingembre gëtt an zwee Stécker geschnidden an dat alles kënnt an d'Amaachglas.

Dobäi kënnt dann d’Orangëschuel, de Vodka an de Brandy. D'Geheimnis ass, fir déi Mëschung op d'mannst 3 bis 4 Deeg zéien ze loossen. Wann een et gäre manner batter huet, kann een d'Orangëschuel no engem Dag eraushuelen.

Nodeems d'Basis vum Glögg duerchgezunn ass, hëlt een d'Gewierzer eraus, andeems ee se duerch ee Sift an een Dëppe schëtt. De roude Wäin (soll Zëmmertemperatur hunn) gëtt dobäi geschott, den Zocker kënnt mat dran an et réiert een esou laang, bis dee sech opgeléist huet.

De Glögg gëtt waarm gedronk an et gëtt souguer extrat Geschier, mat deem de Glögg traditionell zerwéiert gëtt. Et kann ee sech dann och nach Korinten a Mandelen dra maachen an dacks ginn och Kichelcher dobäi zerwéiert. An dozou nach ee Bonus-Tipp vum Patrik Osterblad: Probéiert Liefkuch mat bloem oder gréngem Schimmelkéis!