Eemol un der Säit vum Star- a Fernseekach Johann Lafer stoen a mat him kachen dierfen.

Fir zwou Lëtzebuergerinne goung deen Dram leschte Samschdeg an Erfëllung. An dat mam Johann Lafer Kachstudio zu Guldental, wou de Festdagsmenü preparéiert an zerwéiert gouf an dat an engem festleche Kader.

De Christian Schmit hat déi zwou Dammen dohi begleet.

2 Lëtzebuerginne am Kachstudio vum Johan Lafer / vum Christian Schmit

D'Jeanny Welfring an d'Christiane Cloos waren nawell e bësschen opgereegt a woussten net esou genee, wat si erwaarde géif. Et muss e wëssen, dass si allebéid déi Renconter mam Starkach als Kaddo kruten.

RTL