Lauschtert Iech hei un, wat 2023 op der Antenn alles schif gelaf ass

Den Animateur Jean-Marc Turmes kënnt am RTL-Bêtisier direkt e puer mol vir. / © Sarah Cames / RTL
Sech ze ieren ass mënschlech - dat wosst schonn den Dichter Alexander Pope am 18. Joerhonnert.
Datt trotz aller Professionalitéit och op den RTL-Antennen emol déi eng oder aner Gaff geschéie kann, wëssen eis Presentateuren nëmmen ze gutt.
Ma et wier awer ze schued drëm, dës Mësselen einfach an den éiwegen Ofgrënn vun den FM-Welle verschwannen ze loossen. Dofir hu mir déi beschte Bêtisieren vum Joer 2023 gesammelt an se Iech hei an handlech kleng Audio-Bäiträg verpaakt.
Vu Fräsch, déi zu inopportune Momenter am Hals opdauchen, iwwer "adorabele Wunnraum" bis zu Aarbechtskolleegen, déi bei Kaffismaschinnen verluer gaange sinn, - am Bêtisier vun dësem Joer ass alles derbäi.
Vill Spaass dermat!
Net just virum Mikro, ma och virun der Kamera sinn dëst Joer eng Rei Saachen schif gaangen. Déi spektakulär, onerwaartst a witzegst Momenter aus dem leschte Joer fannt Dir hei an eisem Bêtisier vun der Tëlee.