Seet Iech de Numm "Lets Hugo" eppes? Nee? Ma de Lets Hugo ass bekannt op Twitch a Youtube. De Lëtzebuerger ass Influencer an huet eng 800.000 Follower.

A senge Videoen ass e ganz oppen a witzeg, ma a Wierklechkeet ass en e ganz reservéierten an éischter méi zeréckhalenden Typ. Ech treffe mech mat him op enger geheimer Plaz. Den Hugo zielt ni eppes iwwert säi Privatliewen a probéiert diskret ze bleiwen. Op Twitch geet et virun allem ëm Videospiller, déi live iwwerdroe ginn. Mat esou engem Succès hat hien indirekt gerechent.  Am Alter vun 21 Joer huet hie mat der Schoul opgehalen a lieft elo vun Twitch.

Wat e genee verdéngt, wollt hien eis net verroden. Online gëtt geschat tëschent 20.000 a 40.000 Euro de Mount. Net fir näischt huet hie sech och als Lëtzebuerger entscheet, fir op däitsch alles ze maachen, well en esou méi Leit kann erreechen.

Fir säin Zil, sech weider eropzeschaffen a weltwäit bekannt ze ginn, dofir wéilt hien an Zukunft och vun neien Technologië profitéieren.

De Mr Beast, dee virun allem op Youtube bekannt  ass, ass déi amerikanesch Versioun vun eisem Hugo. Hien ass ee vun deene räichsten, dofir verschenkt hien och duerch Spiller, déi ee gewënnt, reegelméisseg vill Suen. Den Hugo huet dofir fir unzefänke kloer Zieler a wëll seng Fan-Gemeinschaft nach vergréisseren.

Säi groussen Duerchbroch hat den Hugo virun engem gudde Joer, wéi hie säi Rekord gebrach huet, andeems hien 78 Deeg hannertenee live gestreamt huet.

Mëttlerweil fënnt een elo awer och Videoe vun him op Twitch, wou hie mat eis seng Erliefnesser deelt. Esou wäerten deemnächst dann och nach vill anerer de "Lets Hugo" aus Lëtzebuerg entdecken.