De Freideg de Moien hu se zu Conter ugefaangen d'Buerg opzeriichten.

D'Kräiz gëtt vun dräi Trakteren eropgezunn. No knapp 10 Minutte steet déi holze Konstruktioun. Duerno gëtt ënne Sand bäigetippt an d'Palette ronderëm de Stamm getässelt. Eng 10 Membere vum Club des Jeunes sinn dee ganzen Dag am Asaz. Duerfliewen an d'Traditioun sinn hinne wichteg, an e Buergbrenne gehéiert do einfach dozou.

E Samschdeg um 19 Auer fänkt dat traditionellt Fest un a géint 20 Auer gëtt d'Feier da vun de frësch bestuete Koppelen aus dem Duerf ugefaangen.

Den Iwwerbléck iwwer d'Buergbrennen an de verschiddene Gemenge fannt Dir hei.

Och am Préizerdaul gouf e Freideg mam Opriichten ugefaangen