Covid huet d'Aarbecht am Stärerestaurant verännert
Zwee Stären am Guide Michelin. Dat gëtt et zu Lëtzebuerg nëmmen eng Kéier. De Restaurant "Ma Langue Sourit" vu Moutfort krut des Auszeechnung 2018.
Kuerz drop koum Covid. An dat huet d'Aarbechtswelt an der Gastronomie verännert. Mir wollte wëssen, wéi einfach oder schwéier ee Personal fënnt, fir e Stärerestaurant, wat fir eng Ausbildung ee muss hunn a wéi eng Aarbechtskonditiounen de Restaurateur hautdesdaags muss bidden.
"Zënter Covid ginn et e puer Parameter" erkläert de Kach Cyril Molard, deen zënter 15 Joer zu Moutfort kacht. "Den éischte Punkt ass d'Aarbechtszäit. D'Personal brauch Zäit fir sech, wann se Zäit hunn, fir doheem glécklech ze sinn, da sinn se och glécklech op der Aarbecht. Dat heescht, d'Leit musse mindestens zwee Deeg hannertenee fräi hunn, déi se kënnen doheem verbréngen. Duerno zielen d'Vakanzen. Mir bidden aacht Woche bezuelte Congé d'Joer. Dann zielt natierlech och de Salaire. Et däerf een d'Personal net ze wéineg bezuelen. Virum Covid huet ee probéiert, d'Käschten ze reduzéieren a virun allem och d'Personalkäschten, an esou Suen am Restaurant ze halen, ma dat funktionéiert haut net méi. Et muss een de Verdéngscht esou verdeelen, dass ee genuch Personal huet, fir déi deeglech Aarbechtszäiten ze reduzéieren. De Schlëssel ass Aarbechtszäit, Congésdeeg, Salaire a Bien-être, wann s de dat net kanns bidden da kënnt kee bei dech schaffen."