Et ass Halleffaaschten. Wéi d'Traditioun et wëll, waren op dësem Sonndeg déi zwou lescht Kavalkade vun der Saison.

Am Süden an am Oste vum Land waren d'Fuesgecken ënnerwee.

Kavalkad Péiteng

Zu Péiteng ass et déi 67. Editioun. 1955 gouf eng éischte Kéier e Cortège hei am Minettsstiedchen organiséiert.

A wei all Joers war den Depart vum Ëmzuch um 14.11 Auer. "De Péitenger Wand, dee bléist" heescht et. 56 Veräiner hu matgemaach. Dorënner 23 Ween, 7 Musek- a 26 Folklorgruppen. De Parcours vum Cortège ass 2,5 Kilometer laang.

Kavalkad zu Réimech

Och zu Réimech ass fir gutt Stëmmung, Konfetti a Séissegkeete gesuergt. Lass goung et op der Musel um 14.30 Auer.

Déi dekoréiert Ween a Gruppe konnt ee sech laanscht d'Route du Vin ukucke goen. Zwou Stonne laang konnt een déi 5. Joreszäit nach eemol a vollen Zich genéissen.