De Patissier an engem Restaurant brauch sech net hannert dem Kach ze verstoppen, de Sébastien Vauxion scho guer net.

Hie gouf rezent zum beschte Restaurantpatissier op der Welt gewielt. A sengem 2-Stäre-Restaurant am franséische Courchevel kreéiert hie seng séiss Platen, an dat vun der Entrée bis zum Dessert. Deen éischte Stär krut säi Restaurant Sarkara, deen 2017 am K2 Place seng Dieren opgemaach huet, 2019, deen zweete Stär gouf et 2020.

Gault et Millau schwätzt vum 40 Joer ale Patissier, de Fils vum Geméisgäertner vun Orléans, vun engem Pionéier. Seng séiss Kreatioune wieren eenzegaarteg, heescht et um och Michelin-Site.

De Chef-Patissier schafft dann och mat villen Aromaen, verschidde Manéieren, fir ze kachen, an och Texturen. Zum Beispill gëtt an engem Eck vu senger Kichen Zellerie mat Botter an der Pan karamelliséiert, am aneren Eck ginn aus Zocker hauchdënn Forme geblosen. E Patissier, deen eng Ënn zerschnëppelt, dat huet ee sécher och nach net sou dacks gesinn. Et ass souguer eng vum Vauxion senge léifste Geméiszorten, déi ëmmer méi séiss gëtt, wann ee se lues kacht.

Et wier nawell revolutionär, Séisses mat Salzegem an der Patisserie op dës Manéier esou ze verbannen an ze mëschen, seet de Christophe Marguin, President vun den Toques blanches lyonnaises.

Als ausgebilte Patissier war et fir de Sébastien Vauxion dann och Neiland, an der Kiche hannert der Kachplack ze stoen:

"Joer fir Joer hunn ech meng Aarbecht mat den Desserten evaluéiert. Ech hunn ugefaangen, mat Uebst an du mat Geméis ze schaffen, sou wéi e Kach: ech hu se gekacht, geréischtert, gedämpt, andeems ech se vermëscht hunn, nei Zose kreéiert hunn an net just Crèmen oder einfach Coulise gemaach hu fir dobäi."

Dat heescht a senger gosse Pan fënnt een dann och emol geréischtert Hieselnëss an Emmentaler mat brongem Jus aus Topinambur, dat Ganzt placéiert op enger Omlette. Wéi ee gesäit, e Plat fir méi extravagant Genéisser, déi den néidege Portmonni matbréngen. De Plat wéi "topinambour-truffe noire mélanosporum" mat "cerfeuil tubéreux épice" mat Äerdbierjus steet dann och fir 350 Euro op der Menüskaart.

Et gëtt manner no Rezept a méi no Goût gekacht. Deemno schonn och eng experimentell Kichen, wann ee sou wëll. De Sous-Chef-Patissier Nicolas Mormile gesäit et éischter als lëschtegen Challenge.