Mat dëser Emissioun wëlle mer iech déi Leit virstellen, déi Dag fir Dag dofir schaffen, dass mir eppes op den Teller kréien.

Wat motivéiert si dëse Beruff ze maachen? Wat kënne si eis a punkto Ernärung a Kachen mat op de Wee ginn?

Am Gusto, dem neie kulinaresche Sonndesmagazin gitt Dir et gewuer.

Mir léieren eng Geméisgäertnerin kennen, sti mat Stärekäch an der Kichen a kréien en Abléck an d'Ausbildung an der Restauratioun. Mir froen och no, wéi gutt sech d'Leit mat Geméis auskennen a kréien eng Rezeptiddi vum Anne Faber. Dës Kéier säi Rezept fir e Carrot Cake, passend fir Ouschteren.