De Sonndeg start eisen neie kulinaresche Magazin Gusto. Fir iech en Avant-goût ze ginn, kucke mir Käch a Kächinnen iwwer d'Schëller.

Zil vun der Emissioun Gusto ass et, Leit aus dem Grand-Duché virzestellen, déi Liewensmëttel produzéieren oder verschaffen an eis domadder eng Freed maachen. Wéi zum Beispill Kächinnen a Restaurateuren. Wéi leeft d'Ausbildung an der Restauratioun hei am Land of? A wéi enge Schoule kann ee léieren, an enger Kichen oder am Service ze schaffen a wéi gefält et de Schüler?

Mat enger Schülerin aus dem LTB an engem Schüler aus der Hotelschoul hu mir iwwert d'Formatioun an hir Motivatioun geschwat.

An der Hotelschoul hu mir de Kirill Yakovishyn kennegeléiert. Hien ass am leschte Joer vum DAP Restaurateur a wäert geschwënn op Paräis goen, fir e Stage an engem 3-Stäre-Michelin-Restaurant ze maachen. An hirer Ausbildung léiere si souwuel d'Kiche wéi och de Service kennen. Hie mengt et misst ee mat Leidenschaft an der Kiche stoen, awer och aner Charaktereegenschafte wier wichteg.

"Et muss een, wann een an déi Schoul hei kënnt, ganz oppe sinn, dat heescht sozial kënne sinn, well een awer Clienten huet am Service a mat deene gutt schwätze muss an erkläre muss. Probéieren, sou mann schei ze si wéi méiglech, well schei an der Restauratioun dat geet net."

D'Hotelschoul bitt eng Vollzäit-Ausbildung mat Coursen a Stagen dotëscht. Am Lycée technique zu Bouneweg kann ee fir Kach an Traiteur léieren. Et ass déi selwecht Ausbildung, mee et mussen een d'Léier an d'Meeschterprüfung an dem Domaine maachen. D'Formatioun heescht "concomitante", dat heescht d'Schüler sinn ofwiesselend 3 Wochen an der Schoul a 6 bis 8 Wochen an hirem Léierbetrib.

D'Chelsea Maher ass am leschte Joer vun der Erwuessenen-Formatioun am LTB. Hir Léier mécht si bei engem Traiteur, deen Take-Away-Butteker a Café. Direkt vun Ufank un eng Léier ze maachen an ze gesinn, wéi et an engem Betrib leeft, gefält hir.

"Ech fannen et ganz gutt, well een direkt matkritt, wéi de Beruff vun der Kächin an der Realitéit ass. Op der anerer Säit, vue datt ech nach ni an dësem Domän geschafft hunn, hunn ech mech e bësse verluer gespuert. Mee mat der Ënnerstëtzung vun der ganzer Ekipp an der ganzer Theorie, déi een an der Schoul léiert, hunn ech awer d'Gefill, dass ech mech vill verbessert hunn. Am Ufank war ech immens gestresst, mee ech hu geléiert, mat dem Stress ëmzegoen."