An der Nuecht op e Sonndeg sinn d'Aueren eng Stonn no vir gestallt ginn

© AFP
An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg sinn d'Auere vun 2 op 3 Auer no vir geréckelt ginn. Dat heescht, mir kruten eng Stonn manner Schlof.
Knapp hu mer de Wanter symbolesch verbrannt, huet et lo nach geheescht, dee leschte Schratt a Richtung Summer ze maachen: D'Auer nees op Summerzäit setzen, och wann et dobausse grad net no Summer ausgesäit.
All Joer suergt besonnesch dëse Changement fir Diskussiounen. Experte si sech eens, dass d'Wanterzäit eis richteg Zäit ass an esou sollt bleiwen.
Ma haaptsächlech steet bei den Debatten ëm d'Auer-Réckelen awer d'Energiekris am Fokus. U sech ass et jo logesch: manner Luucht bedeit och manner Stroumverbrauch. Ma ob ee reell esou vill Stroum spuert, déi Fro bleift oppen...
Dovun ofgesinn, ass de Wiessel net optimal fir d'Gesondheet. D'Schlofgewunnechte geroden op d'Kopp, dat confirméieren och ëmmer nees vill Dokteren. Aus medezinescher Siicht wier et am beschten, d'Zäit géif net ëmgestallt ginn a mir hätten ëmmer déi normal Zäit, also d'Wanterzäit. An Ëmfroe gëtt sech allerdéngs méi fir d'Summerzäit ausgeschwat.
Iwwregens déi éischte Kéier gouf d'Summerzäit an der EU am Joer 1982 vereenheetlecht.