De 14. September
Däitschen RTL iwwerdréit Box-Kampf tëscht Stefan Raab a Regina Halmich

© JOERG CRASTENSEN DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Zanter Abrëll ass jo gewosst, dass den däitschen Entertainer an déi fréier Box-Weltmeeschterin eng drëtte Kéier an de Ring klammen.
E Mëttwoch huet déi däitsch Tëleeschaîne RTL annoncéiert, dass si de Box-Match am PSD Bank Dome zu Düsseldorf live iwwerdroe wäert.
Wéi d'Regina Halmich sot, wier et fantastesch, dass RTL de Kampf iwwerdroe géif. De Stefan Raab wéisst, wéi een d'Leit ënnerhält. Wann hien eppes upake géif, da géif et och en Erfolleg ginn. Déi fréier Boxweltmeeschterin hat déi zwee viregt Matcher am Joer 2001 an 2007 gewonnen.
Am meeschte gelies