Motorrad vum fréiere President Hollande gouf versteet

De François Hollande op sengem Motorrad. / © AFP/JACQUES DEMARTHON
E Sonndeg gouf dem François Hollande säi Motorrad versteet, mat deem hien heemlech bei déi Fra gefuer ass, mat där hien eng Affär hat.
Fir 20.500 Euro gehéiert de Moto elo dem Denis Bréhéret, Besëtzer vun engem Autosmusée zu Jallais am Weste vu Frankräich. Hei wëll hien an Zukunft dann och de Piaggio MP3 125, zesumme mat 10 anere Gefierer, ausstellen. De Moto wier en "Deel vu Frankräich", erzielt den Denis Bréhéret.
Am Joer 2014 ware Fotoen opgedaucht, déi den Hollande mat engem Helm op engem Scooter mat dräi Rieder gewisen hunn, deen deemools dem Palais Elysée gehéiert huet. D'Zäitschrëft "Closer" hat geschriwwen, datt den Hollande domat heemlech bei d'Schauspillerin Julie Gayet gefuer ass an huet domat fir e Skandal gesuergt. Zanter 2022 sinn déi zwee matenee bestuet. Den deemolege President huet zu dëser Zäit nach mat der Journalistin Valérie Trierweiler zesumme gelieft.
Bei der Stee an der Stad Montbazon ware 40 Participanten dobäi, si huet awer nëmmen 10 Minutte gedauert.