Egal ob Kebab, Burger oder Pasta. Jiddereen huet eng staark Meenung wann et drëms geet, wou ee sech am beschten zu Lëtzebuerg kulinaresch verwinne léisst.

No der beschter Pizza am Land, déi et eise Lieser no jo zu Réimech an der Pizzeria um Moart gëtt, siche mer dës Kéier, de beschte Sushi zu Lëtzebuerg.

Viru Joren nach en Exot, gehéiert et entretemps definitiv un d'Spëtzt vun der Kulinarik, dat zu Lëtzebuerg, awer och weltwäit. Säin Ursprong huet de Sushi natierlech a Japan, mëttlerweil fënnt een sougenannte Suhsi-Masteren awer iwwerall verstreet op der Welt a bréngen d'Geschmacksknospen och ausserhalb vum asiatesch Raum zum danzen.

Virun allem de reie Fësch, deen dacks an eng Rull Räis-Sushi kënnt, ass dat, wat op der enger Säit de Sushi zu eppes ganz besonneschem mécht, op der anerer Säit awer och seng "Géigner" huet, déi wéineg bis näischt domadder ufänke kann. Ma mëttlerweil ginn et awer och masseg Alternativen, déi komplett op de reie Fësch verzichten a mat Poulet, Geméis oder souguer Uebst gemaach ginn. Net nëmmen Inhalt, ma och d'Form ännert sech... Maki, Nigri, Gunkan, Inari-zushi, Oshi-zushi... Jee de Choix ass praktesch onbegrenzt, eenzeg de mat Esseg vermëschte Räis schéngt eng Konstant an de meeschte Sushi-Zorten ze sinn.

Wann Dir wëllt kucken, wat bei eiser Ëmfro zu der beschter Pizzeria erauskoum, kënnt Dir dat hei am Artikel noliesen.

Maach mat bei eiser Ëmfro, all Stëmm zielt!

Verrot eis wou Dir Äre Sushi am léifsten iesst, respektiv siche gitt! Maacht also drënner bei eisem Vott mat, well Är Meenung ass nees gefrot! De Gewënner gëtt natierlech déi Plaz, déi vun eiser Lieserinnen an Nolauschterer am meeschten Stëmme kritt an dierf sech dann och iwwert d’RTL-Reader’s Choice-Auszeechnung fir de beschte Sushi zu Lëtzebuerg freeën. Alleguerten Restauranten, déi an der Top 10 sech konnte placéieren, kréien iwwregens en Autocollant, mat deem ee weise kann, dass een zu der Top 10 zu Lëtzebuerg gehéiert.