Vëlofuere mam Jean Asselborn
De Loïc Juchem trëfft de Jean Asselborn bei sech Doheem a si hunn zesummen en Tour mam Vëlo bis an de Mariendall gemaach.
Eng Stréck, déi de Jean Asselborn dagdeeglech fiert. Elleng dëst Joer ass hie schonn iwwert 5.500 Kilometer mam Vëlo gefuer.
De Jean Asselborn huet 75 Joer a war iwwer 19 Joer laang de Lëtzebuerger Ausseminister. Mëttlerweil ass hien an der politescher Pensioun, sou ganz lassloosse kann hien dann awer net. Politesch Themen, notamment d'Thema Europa leien him um Häerz an dofir huet hien an de leschte Wochen och vill Virträg op Universitéite gehalen.
Autofueren huet de Papp vun zwee Kanner laang Joren net missen, schliisslech huet hien dat als Minister net bréichten ze maachen. En hätt sech awer och scho gutt dru gewinnt, wier nach ni mat ze mann Stroum ënnerwee gewiescht an och seng Punkten huet de Politiker nach ëmmer. Am léifsten ass hien awer mam Vëlo ënnerwee.
Dëst Joer sti scho méi wei 5.000 Kilometer um Compteur, de Summer goung et och erëm de Mont Ventoux erop a wann hien nëmme kann, dréckt hien an d'Pedallen. An der Moyenne fënnef Deeg an der Woch an de Wee an de Mariendall, deen de Loïc mam fréieren Ausseminister gefuer ass, geheier zu senger Liblingsstreck. Ëm 1984, am Laf vu Koalitiounsverhandlungen huet de Jean Asselborn eppes gesicht, fir de Kapp fräi ze kréien a sou koum hien op de Goût, fir mam Vëlo fueren ze goen.

Am Laf vun de Jore koum de Jean Asselborn vill ronderëm d’Welt. 47 Mol war hien zu New York, 80 Mol zu Berlin an iwwert 130 Länner huet hie gesinn. Elo a senger Pensioun sinn et och net méi déi ganz wäit Destinatiounen, déi de Jean Asselborn unzéien, och an Europa géing et vill flott Plaze ginn. "Fligere vu banne gesinn, dat ass elo net méi mäin Dada".
"Merde Alors", esou heescht eng Biographie iwwert de Jean Asselborn, iwwert eng Autobiographie denkt hien elo net no, mee iwwert d'Summerméint huet hie mat engem Journalist un engem anere Projet geschafft. Zanter Jore fiert hien an de Summerméint a Richtung Provence, fir do dann um Enn de Mont Ventoux eropzefueren. Dëst Joer huet dëse Journalist d'Aventure begleet an do géing an den nächste Méint dann un engem neie Buch geschafft ginn.
Dem Jean Asselborn ass et wichteg, aktiv ze bleiwen, net méi an der éischter Rei, mee hie mécht elo dat, wat him zu 100 Prozent gefält, zum Beispill, sech fir e staarkt Europa anzesetzen. De Vëlo dierf natierlech net feelen.
Dëse Summer hu mir Promie getraff, si hunn eis hir Liblingsplaz gewisen a gläichzäiteg hu mer dovunner profitéiert, e flotten Interview ze maachen.
All d'Episode vun der Emissioun "Promi-Spot" fannt Dir um RTL Play.