Wou gëtt et de beschte Kebab zu Lëtzebuerg?

Egal ob Sushi, Burger oder Pasta. Jiddereen huet eng staark Meenung, wann et drëms geet, wou ee sech am beschten zu Lëtzebuerg kulinaresch verwinne léisst.
No der beschter Pizza a rezent dem beschte Sushi am Land, siche mer dës Kéier de beschte Kebab zu Lëtzebuerg.
Et ass wuel de Kinnek bei de Schüler a Studenten an der Mëttegpaus an och Weekends nom oder virum Feieren, steet dës tierkesch (oder dach däitsch?) Delikatess dacks op der éischter Plaz um Menü. Rieds geet natierlech vum Kebab, engem Klassiker, dee scho laang net méi aus eiser kulinarescher Landschaft ewechzedenken ass.
Wou e genee hierkënnt, de Kebab oder "Döner", wéi en an Däitschland genannt gëtt, doriwwer gëtt sech deelweis hefteg gestridden, änlech iwwregens wéi beim Ursprong vun der Currywurst. Eng verbreeten Theorie ass, dass e Gaaschtaarbechter aus der Tierkei zu Berlin, de Kadir Nurman, d'Iddi hat, de Kebab an där Form ze servéieren, wéi mer en haut nach kennen. Ma et ass awer och gutt méiglech, dass de Kebab a sech ganz einfach aus der Tierkei kënnt.
Wat awer gewosst ass, ass aus wat e richtege Kebab besteet, nämlech aus engem gegrillte Brout, dat opgeschnidden a mat dënn-geschniddenem Fleesch vum Spiiss, frëschem knackegem Geméis an der markanter wäisser Zooss gefëllt gëtt. Variatioune ginn et der natierlech vill, och vegetaresch Variante ginn ëmmer méi populär an och bei der Zooss hu vill Kebab-Grill-Besëtzer hir eege speziell Rezepter.
D'Fro ass dohier awer wéi ëmmer: Wou gëtt et hei am Land de beschte Kebab am Land? Bei der Unzuel u verschiddene Kebab-Imbisser am Land, ass de Choix op alle Fall enorm ...
Maach mat bei eiser Ëmfro, all Stëmm zielt!
Verrot eis, wou Dir Äre Kebab am léifsten iesst, respektiv siche gitt! Maacht also drënner bei eisem Vott mat, well Är Meenung ass nees onbedéngt gefrot! De Gewënner gëtt natierlech déi Plaz, déi vun eise Lieserinnen an Nolauschterer, also vun Iech, am meeschte Stëmme kritt an dierf sech dann och iwwert d’RTL-Reader’s Choice-Auszeechnung fir de beschte Kebab zu Lëtzebuerg freeën.
Alleguerte Restauranten, déi an der Top 10 sech kënne placéieren, kréien en Autocollant, mat deem ee weise kann, dass een zu der Top 10 zu Lëtzebuerg gehéiert.