Céline François, Hardy Grüne, Claude Hornick a Chris Chalmer
E Freideg goung et ëm Padel, Lëtzebuerger Futtball, Folklor an The Voice of Germany.
D'Céline François invitéiert op d'Finall vun de 'Luxembourg Padel Championships' e Samschdeg zu Mënsbech. D'Presidentin vum Padel Club 'Letz Make it Padel' huet ganz laang a vill Tennis gespillt. D'Léierin vu Schuller huet 2009 awer eng leschte Kéier eng Tennis-Rackett an de Grapp geholl, well d'Motivatioun an d'Leidenschaft gefeelt hunn. No 10 Joer intensiver Sich huet de Padel sech als Alternativ erauskristalliséiert an d'Céline huet um Terrain och hire spéidere Mann kennegeléiert. Am Veräin gëtt et 400 aktiv Memberen an hei am Land kann een op 6 Plazen spillen.

Den Hardy Grüne ass e Fussballgeck an huet elo e Buch iwwer de Lëtzebuerger Futtball erausbruecht. Op 400 Säite beliicht den Auteur am Buch: 'Luxemburg - Geschichte einer Fussball-Liebe' vill Facetten a léisst Fans a Responsabel ze Wuert kommen. De Futtball-Historiker gouf vun der FAZ och nach 'Gediechtnes vum Fussball' genannt. Beléift si Bicher wéi: '50 Jahre 2. Liga', 'Das goldene Buch des deutschen Fussballs' oder 'Das grosse WM-Buch'. Seng Publikatioune weisen d'Geschicht vun de Veräiner, awer virun allem d'Bedeitung vum Futtball fir eis Gesellschaft.

De Claude Hornick ass Dirigent vum Folkloregesanksgrupp 'Lidderuucht Lëtzebuerg', deen seng 40 Joer feiert. An engem Buch kann een d'Joren Revue passéiere loossen, wou een d'Memberen an hire schéinen Tuniquen aus der Zäit vun 1820-1890 bewonnere kann. Zum Repertoire gehéiert e Potpourri vu Lëtzebuerger Lidder an verzielt ginn Schnoken a schéin Geschichten aus der schéiner aler Zäit vum Spannrad an dem Kolonnenuewen, an hire Frëndschaftsdag ass e Sonndeg 13. Oktober zu Hollerech.

De Chris Chalmer war um Donneschdeg bei 'The Voice of Germany' an huet mat sengem ausgefalene Goût iwwerzeegt. Hie lieft zu Wien, wou e Radiologietechnologie studéiert huet an do sou eng gutt Offer gemaach krut, dass d'Aarbecht en dogehalen huet. Gebuer an opgewuess ass hien an der Stad. Musikalesch war hien am Hip Hop ënnerwee, mee ass als Teenager ëmmer méi an de Metal gerutscht. Mat 15 Joer huet hie sech un de Bas ginn, ass aktuell Sänger vun der éisträichescher Band 'Stesy' a steet elo an der nächster Ronn bei 'The Voice' mam Samu Haber als Coach.
www.instagram.com/chrissy_stesy/
