De Steve Lentz a Lucas Andrieux packen et am internationale Kachconcours "Global Chefs Challenge" op déi éischte Plaz an der Kategorie "vegan Kichen".

Mat hirem planzebaséierten 3-Gäng-Menü konnte si d’Jury iwwerzeegen an aacht Konkurrenten aus Lettland, Serbien, Indonesien, den USA, de Philippinnen, vu Singapur an aus de Vereenten Emiraten hannert sech loossen.

De Global Chefs Challenge ass en internationale Kachconcours, bei dem sech d’Participanten a siwe verschiddene Halleffinalle ronderëm d’Welt hu misste qualifizéieren. De Steve Lentz huet am Februar 2023 d’Qualifikatioun fir Europa an der Kategorie vegan Kiche gewonnen. Déi lescht Deeg, vum 22 bis 25 Oktober, hu se zu Singapur géint déi beschte vun anere Kontinenter gekacht. D’Kategorie "vegan Kichen" war dëst Joer déi éischte Kéier bei dëser Competitioun dobäi. Am ganzen hu 40 Duoen a 4 verschiddenen Kategorien deelgeholl.

De Steve Lentz ass Enseignant an der Hotelschoul zu Dikrech. Planzebaséiert Kachen ass fir hien eng Passioun. Zesumme mat der Kächin Carole Goerend huet hie virun e puer Joer e planzebaséiert Kachbuch erausbruecht.

De Lucas Andrieux ass wärend dësem Concours dem Steve Lentz säi Commis gewiescht an huet iwwerall an der Kichen eng Hand mat ugepak. Hie schafft als Sous-Chef am neie Restaurant "Archibald De Prince ", deen den 1. November seng Diere wäert opmaachen.

Den Duo krut déi voll Ënnerstëtzung vun der Hotelschoul (EHTL), wou si déi lescht Wochen och trainéiert hunn an och vum Vatel-Club Lëtzebuerg.

Déi dräi Plate vum planzebaséierte Menü haten dës offiziell Beschreiwung:

Melissa Cress and Shiso Purple Flan Foamy Cashew Cream & Lemon balm oil Fried Brioche Balls & Lemon Balm Mayonnaise Lemon & Elderflower Gel

Black, Pink & Blue Radis Pickles “Dulse de Bretagne & Sea Lettuce”

***

Creamy Faux-Gras, Yacon & Parsnips Puree Smoked Pumpkin, Mugwort & Date Glaze Turnip & Lemon Verbena and Cress Pithiviers Wood Fire Flavoured Zucchini Sansho & Lemon Verbena Emulsion Demi-glace, Chocolat & Aronia

***

Cauliflower meets White Chocolate & Woodruff Poached Turnip Cabbage / Elderflower / Mango

Beetroot Sponge / Soil Sweet & Spicy Pickled Cauliflower Red Cabbage & Acai Sorbe

Foto vum Training zu Singapur