De Restaurant aus dem Rollengergronn, deen eréischt Enn d'lescht Joer zougemaach hat, mécht e Mëttwoch den 30. Oktober seng Dieren erëm op.

Et ass schonn déi x-te Kéier, datt de Restaurant am Rollengergronn nei opgeet. Déi fréier Oper, déi 2019 vum Duo Étienne-Jean Labarrère-Claverie a Mathieu Morvan den Numm "L'Opéra" kritt huet, mécht e Mëttwoch seng Dieren erëm op, nodeems de Restaurant am Dezember 2023 zougemaach hat. Den Numm vum Restaurant bleift d'selwecht, ma dat kulinarescht Konzept ännert: D'Kiche geet vun enger Gourmetkichen an eng Brasserie iwwer - esou wéi "fréier".

Dës Kéier ass et awer en Trio aus dem Immobiliesecteur, deen de Restaurant leet - nämlech de Bruno Dogné, d'Ana Paula Reis Dos Santos an de Marc Laroche. D'Menüskaart gouf vum Philippe Mille entworf, dee 14 Joer laang am Domaine des Crayères zu Reims geschafft huet a mat zwee Stären ausgezeechent gouf. Viru kuerzem eréischt huet hie säin eegene Restaurant Arbanne zu Champagne opgemaach, dee dann och dräi Deeg an der Woch zou ass, fir datt de Mille tëscht Reims a Lëtzebuerg pendele kann. De Chefkach aus der Champagne ass iwwerdeem keen Onbekannten am Grand-Duché: Schonn 2018 hat hien de Chefkach Christophe Quentin bei der Ouverture vum Les Jardins d'Anaïs a Clausen beroden, dee geschwë mat engem Michelin-Stär ausgezeechent gëtt. Chefkach vum L'Opéra ass de 56 Joer ale Jean-Marc Hazée, dee ronn 30 Joer laang an der Belsch an zu Lëtzebuerg geschafft huet.

Eis Kolleege vun RTL Infos hunn e Mëttwoch mam Philippe Mille geschwat, dee kuerz virun der Ouverture vum Restaurant nach entspaant war. "Mir sinn immens glécklech, mir wäerten et lues ugoe loossen an d'Räim no an no opmaachen", sot de Mille. "Mir wëllen eng onkomplizéiert a lecker Kiche maachen, mat generéise Platen, Produiten, déi een och mat den Hänn iesse kann, an engem Akzent op Lëtzebuerger Produiten." Nieft engem neie Look, deen den Trio dem Restaurant ginn huet, hu si och misse munches renovéieren, dorënner d'Elektresch, de Sanitär, d'Offlëss an d'Fënsteren.

Nach méi Informatiounen zu der Re-Ouverture vum "L'Opéra" fannt Dir bei de Kolleege vun RTL Infos.