Anne Faber, Jascha Rust an Didier Goossens
Dës Woch dréit sech am LIVE! Planet People alles ronderëm Iessen, Ënnerhalung an d'Wëssenschaften.
D'Anne Faber huet e Bakbuch erausbruecht mat Rezepter fir all Joreszäit. "Backen mit Anne" versprécht Iddie fir d'ganzt Joer, vun "Crackers" iwwer den Äppelkuch, eng "Butternut Quiche" bis bei de "Pâté Lorrain". Déi fläisseg Kächin, déi duerch d'Sendung "Anne's kitchen" bekannt gouf a schonn eng ganz Partie Kachbicher erausbruecht huet, freet sech op eng nei Sendung mam Thema "Portugal", wou ee vum 30. Januar un op RTL Télé Lëtzebuerg d'Land, d'Leit an dat, wat do op den Teller kënnt, besser kenneléiert.
Den Acteur Jascha Rust huet mat sengem Kolleeg Tan Caglar aus der ARD-Serie "In aller Freundschaft" elo en eegene Podcast. De Jascha Rust ass schonn a jonke Jore bei GZSZ opgefall an all Woch gesinn hien de Moment 4 Millioune Leit an der Serie "In aller Freundschaft", wou hien den Infirmier Kris Haas spillt. Och den Tan Caglar spillt an dëser Serie, war awer och schonn am Tatort derbäi a mécht Stand-up-Comedy.
Den Didier Goossens ass "Head of communication" beim FNR an invitéiert op d'"Researchers' days", déi dëse Samschdeg an der Rockhal mat Workshoppen an Experimenter Spaass op d'Fuerschung maachen. Wéi kann ee selwer Waasserstoff produzéieren, wéi gesäit d'Welt vun der Akustik aus, wéi funktionéiert eise Verdauungssystem, wat geschitt op enger interaktiver Roboterparty oder wéi kann ee Liewensmëttelallergien oder Kriibs besser verstoen? D'Äntwerten op déi an nach vill aner Froe gëtt et vun 10 bis 19 Auer an der Rockhal. D'Entrée ass gratis.